|
Ech wëll dem Här Schummer soen, dass méng Theorie net aus der Loft gegraff ass. Säi Frënd de Guy Schaeffer bestätegt dat op enger aner Plaz, wou hie schreift : "De Gondel-projet wier eng elegant Tëscheléisung a wier komplementär zum Bus-Bunn Konzept." De Georges Schummer an de Georges Feltz hunn allerdings ee Problem, och wa si eng Allianz géint den Tram bilden : Hir Visioune stinn net an engem Projet de Loi, a si hätten och als Proposition de Loi vum ADR keng Majoritéit an der Chamber. Ech huelen emol un, dass dat op d'mannst fir déi nächst 5 Joer de Fall ass.
|
|