|
Richtegstellung zur Behaptung vum Här Oswald:
Wie richteg nogelauschtert huet, huet et héiren: An der ugesprachener Table-Ronde vun der USILL iwwer de "Modul K" hat ech gesot, déi di en Interressen drun hunn,onbedéngt en Train-Tram ze bauen, sollten dach emol soen, watfir e Sënn et mecht, nëmmen op e puer km en Train-Tram an e vollwertegt Eisebunnsnetz anzebauen, deen dat ganzt Eisebunnsnetz schwächt. Dorophinn huet en Här um Riednerdësch, deen déi Remarque ongerechtfertegterweis op sech bezunn hat, gesot, hie perséinlech wir "nach ni bestach ginn". Dat hat jo och kee behaapt !
Eng stéchhalteg Äntwert op meng Fro huet awer bis haut nach kee ginn.
|
|