C. Oswald  Thu Mar 6 16:54:24 2014 Date
Message Ech weess net, ob Dir Iech konsequent sitt. Elo maacht Dir op eemol Reklamm fir dem Georges Feltz séng Seelebunn (an der Rubrik "RER-Media"), obschonn dass déi Seelebunn jo awer eng Konkurrenz fir deem aner Georges séng Tunneleisebunn ass. Oder wëllen déi zwee Georgesë sech ergänzen, nom Motto, Du fiers mat Déngem Tunnel op d'Place d'Armes, an ech fuere mat ménger Seelebunn op de Kierchbierg ?

Ech wëll an deem Kontext drop hiweisen, dass op Paperjam e ganz kriteschen Artikel betreffend déi Seelebunn war. Dir fannt deen ënner http://www.paperjam.lu/article/fr/telepherique-vs-tram-zigrand-argumente

Bei Iech hunn ech leider den Androck, dass alles gutt ass, wat soi-disant géint den Tram schwätzt. Dir investéiert vill Energie fir géint eppes ze sinn, amplaz ze kucke wéi een dat wat vun der Politik ofgeseent ass, eventuell duerch déi eng oder aner Moossnahm ergänze kann.



In order to delete above message, please introduce Admin password:

  /!\ WARNING /!\  
You won't be able to recover this message anymore!.


Modify/Delete entry

Modify entry
Delete entry
Admin Password:

[Back to book]


Y-a-p-Gb