|
@ Här Oswald- 13.6.2013 RER Luxembourg a.s.b.l. huet sech a verschiddene Presse-Artikelen ëmmer fir den Erhalt an den Ausbau vun der Eisebunnsstreck Ettelbréck-Dikkrech ausgeschwat. Eist Engagement geet zréck op d'Editiounen 2002 an 2004 vum "Projekt BB" vum G. Schummer, wou d'Stéck Dikkrech - Ettelbréck - Schieren - Colmarbierg - Bissen als Deel vum regionalen RER-Netz opgefouert ass. Mir sinn och der Meenung, datt d'Stréck tëscht Ettelbréck an Dikkrech op 2 Gleiser ausgebaut gi sollt, an zousätzlech Halten sënnvoll sinn. Déi neisten Varianten-Analysen a Präisvergläicher bestätegen dat jo och.
|
|