Ernest Wagner ernest.wagner@ci.educ.lu  Wed Dec 1 10:44:17 2004 Date
Message Här Oswald,

Op Äre Beitrag vum 30.11.04 wëll ech keng Polemik ufänken. Mä ech wëll kloerstellen, dass den RER.lu keng Propagandatrupp fir de Projet Bus-Bunn vum Georges Schummer ass. An deem Sënn passt Äre Beitrag besser op de Site www.busbunn.net.

RER Luxembourg a.s.b.l. ass eng Associatioun vu Leit, déi sech e wéineg an den Nopeschlänner ëmgekuckt hunn. Dobäi wollten se gesinn, watfir Léisungen do am ëffentleche Verkéier am Entstoe sinn.

Ënnert "Quelle solution ont adoptée nos voisins?" op dësem Site, fannt Dir Referenzen, déi et wäert sinn, gelies ze ginn. Net alles ass doran nëmme positiv fir eng Léisung Réseau Express Régional a fir d'Zesummespill mat deenen anere Verkéiersträger. Et soll jo eng objektiv Dokumentatioun sinn, fir dass jidderee sech selwer en Uerteel maache kann.

Dat meescht awer weist, dass d'Entwécklung a Richtung RER geet.

Firwat RER.lu de Projet Bus-Bunn als Referenz hëlt: Et schéint eis bis elo déi eenzeg konkret Propositioun ze sinn, déi d'Problemer hei am Land an och an der Groussregioun léise kann. Dobäi ass et eng Lésung, déi och nach an engem Véirelsjoerhonnert valabel ass.

Détailer zu eisen Iwwerleeunge hoffe mer, op dësem Site ausernee gedoen ze hunn.

Interessant wier et, wa mer eis zesummesetze kënnten, fir a Rouh de Problem duerchzeschwetzen. Mer wëlle jo net a priori eng bestëmmt Léisung duerchdrécken. Dir a mir si jo drun interesséiert, déi bescht Léisung vun de Problemer ze fannen, och fir d'Zukunft.

Ernest Wagner



In order to delete above message, please introduce Admin password:

  /!\ WARNING /!\  
You won't be able to recover this message anymore!.


Modify/Delete entry

Modify entry
Delete entry
Admin Password:

[Back to book]


Y-a-p-Gb