|
Zu Punkt 7 wëllt ech nach e Wuert soen. Den Här Schummer schreift: "Ob de Projet Nordstad-Tram vun der ALACF ënnerstëtzt gëtt, schéint mir net esou kloer. Jiddefalls nom ALACF-Forum, Rubrik „Finger weg von der Eisenbahnstrecke Ettelbrück – Diekirch“ ginn d’Meenungen nach wäit auserneen. Als Member ass mir och näischt vun enger demokratescher Beschlossfaassung bekannt."
D'ALACF gehéiert zu de Signatairë vum Pressecommuniqué "Fir en attraktive Schinneverkéier an der Nordstad", wou och d'Tram asbl an d'Nordstad-Tram asbl ënnerschriwwen hunn.
Ech gesinn do kee Problem, souguer wann an der ALACF vläicht deen oder aner Eenzelkämpfer géint den Tram sollt sinn. Et ass schliisslech dem Comité séng Charge, fir d'Politik vum Verein ze définéieren an déi grouss Linne festzeleeën. Et ass e bësschen ähnlech wéi bei der Regierung, déi d'Exekutiv hei am Land ass.
Un der Generalversammlung ass et, fir déi Politik guttzeheeschen oder le cas échéant ze sanctionnéieren. Ech mengen awer net, dass an deem Kontext e gréissere Problem op d'ALACF zoukënnt.
|
|