C. Oswald oswaldcl@pt.lu  Tue Nov 30 17:17:58 2004 Date
Message Ech wollt mäi Pefferkäerche bäileen, wann et erlaabt ass.

Also: De Georges Schummer huet bis elo (nach) neischt bewisen, en huet just eppes behaapt. Nämlech dass säi System besser ass wéi all déi aner. Sou ähnlech schwätzt all Vendeur, deen e bestëmmte Produit verkaafe wëllt.

Ech soen awer elo net, de Georges Schummer wier vun enger Tunnelbaufirma bestach, sou wéi hien dat vun dene Leit behaapt huet, déi fir den Tram sinn (et gëtt Zeien déi dobäi waren!).

Zweetens: Et ginn ëmmer nach Argumenter fir de "BB" ugefouert, déi keng sinn. "Mir brauche Wuestum fir eise Sozialsystem ze finanzéieren", liesen ech do. Mär kommen d'Tréinen!

Ouni de "BB" gëtt déi onvermeidbar Privatiséierung vun den CFL eng Katastroph fir d'CFL a fir d'Eisebunner. Soll ech kreischen oder laachen?

Wa Bréissel décidéiert dass d'Eisebunn liberaliséiert gëtt, dann huet dat neischt mat engem Tunnel ze dinn.

Oder wat soll ech mat engem "Argument" ufänken, wéi, de gesonde Mënscheverstand misst fir de "BB" sinn, an all déijeneg Politiker déi mat dëser Ausso net d'accord sinn, wiere bornéiert?

Ass dat déi sachlech Diskussioun, déi de Georges Schummer ëmmer nees fuerdert?

Mech kann dat do jiddefalls net iwwerzeegen. Ech hoffen awer, dass déi Leit déi wierklech un enger seriöser Diskussioun interesséiert sinn, sech enges Dages an der sougenannter Goldener Mëtt begéinen.



In order to delete above message, please introduce Admin password:

  /!\ WARNING /!\  
You won't be able to recover this message anymore!.


Modify/Delete entry

Modify entry
Delete entry
Admin Password:

[Back to book]


Y-a-p-Gb