Guy Schaeffer Guy.Schaeffer@cie.etat.lu  Fri Oct 7 13:21:32 2005 Date
Message De „mobilitéit.lu“ bedeit rieseg Investitiounen an d’Verbesserung vum öffentlechen Transport.

E vun de wichtegsten Aspekter ass d’Verbesserung vum öffentlechen Transport an eiser Haaptstadt.

Am „mobilitéit.lu“ ass eng Train-Tram Léisung virgesinn.

De Georges Schummer huet gewisen, dat dest Konzept keng wierklech Léisung brénge kann. Hien huet eng Alternative „Bus-Bunn“ ausgeschafft déi liicht an de „mobilitéit.lu“ intégréiert gi kann. Des Léisung ass vill besser wéi d’Train-Tram Léisung a kascht wahrscheinlech nët méi deier.

Leider hun d’Regierung an d’Parlament d’Bus-Bunn Konzept praktesch ignoréiert an décidéiert d’Train-Tram Léisung ze bauen.
D’Oflehnung vum Konzept Bus-Bunn baséiert enner anerem op der Etude vum Büro Basler déi am September 2003 veröffentlecht gouf. Hei gët behaapt, de Bus-Bunn kéint nët funktionéieren.

Eng Etude, déi de Georges Schummer am November 2003 veröffentlecht huet, beweist, dat de Konzept Bus-Bunn machbar ass.
D’Oflehnung baséiert och op dem anscheinend immense Käschtepunkt vun dem Bus-Bunn.

Hei gin déi rieseg potentiell Aspuerungen, déi de BB Konzept am „mobilitéit.lu“ erméiglecht, einfach ignoréiert.

De Projet BB léisst sech relativ liicht an de „mobilitéit.lu“ integréiren.

E bedeit zousätzlech zu den 2,6 Milliarden Euro vu „mobilitéit.lu“, en Investissement vun zirka 210 Milliounen Euro.

Op der anerer Seit kënnen awer och immens Sommen doduerch gespuert gin :

  • 75 Milliounen, well d’Polfermillebrëck nët muss verduebelt gin

  • ?? Milliounen, well mer keng deier Hybridzich kaafe mussen (40 Hybridzich kaschten zirka 150 Millionen €).

  • ?? Milliounen, well d’Stadter Gare entlaascht gët, an doduerch en Deel vun den 300 Milliounen €, déi fir den Ausbau néideg wiren, agespuert kënne gin.

  • ?? Milliounen, well d’Umsteige-Garen bei den Foires-Halen, zu Dummeldeng, ... nët sou grouss musse sin, well déi meescht Leit einfach weider an d’Stadt fueren ouni ëmzesteigen.

  • ?? Milliounen well eng grouss Zuel vu Bustrajeen (e.a. Schülertransport) duerch déi nei Zuchlinnen iwerflesseg gin.


Leider huet de Büro Basler nët probéiert des Aspuerungen méi genee ze bestemmen.

Wann een de Projet BB richteg an de „mobilitéit.lu“ integréiert, kann dest de Gesamtkäschtepunkt vlaicht souguer reduzéiren. Op jidde Fall gët de Service um Client entscheedend verbessert.
D’Viirschléi an d’Argumentatioun vum Georges Schummer sin esou gudd, dat dest Konzept emmer erem op den Desch kennt an och wahrscheinlech fréier oder spéider réaliséiert gët.

Jiddereen ass d'Accord, dat et immens wichteg ass, den öffentlechen Transport méiglechst séier a massiv ze verbesseren.

De „mobilitéit.lu“ bidd keng Léisung fir den Zentrum vun eiser Haaptstadt.

Hien baut op enger zentraler Platz (Verbindung mam Kiirchbierg a mam Findel, Verbindung vun Ost an Nordstreck) e schwacht Glidd an eisen Zuchréseau an.

Ouni effiziente Réseau wéi de vum Bus-Bunn Konzept, gët déi onvermeidbar Privatiséirung vun den CFL wahrscheinlech zu enger Katastroph fir d’CFL, hiert Personal a fir den Öffentlechen Transport an eisem Land.

Mir brauche Wuestum fir eise Sozialsystem ze finanzéiren. Dese Wuestum duerf eist Land awer nët an de Verkéierschaos féieren.

Mir kënnen eis et nët leeschten, op der enger Seit eng gudd Léisung mat alle Mëttel schlecht ze machen an op der anrer Seit honnerte Milliounen Euro an eng „Léisung“ ze investéiren déi schon vum Konzept hier keng Chance huet eisen Öffentlechen Transport wierklech ze verbesseren.
Dem Georges Schummer sein Konzept a seng Argumentatioun sin op eng virbildlech Manéier um Internetsite http://www.busbunn.net dokumentéiert.
Guy Schaeffer



In order to delete above message, please introduce Admin password:

  /!\ WARNING /!\  
You won't be able to recover this message anymore!.


Modify/Delete entry

Modify entry
Delete entry
Admin Password:

[Back to book]


Y-a-p-Gb