|
Juhuu! Esouguer Dir konnt mir och keng Äntwert op meng Froe gin firwat mit en Train-Tram brauchen : ) Dat stemmt mech optimistesch dass ech, den RER Letzebuerg an de Georges Schummer guer net esou falsch kenne leien! Ech mengen elo kann ech berouegt Kreschtdag feieren a wenschen Ierch och e schéint Fest. Vläicht schenkt jo ee mir eng elektresch Eisebunn déi ech dann am Keller opstelle kann wou se kee stéiert an awer hier Missioun erfellt!
PS: Als läscht Erklärung (a Widderhuelung): mam staarken Zuch an dem schwaache Glidd "Train-Tram" mengen ech dat am Bezuch op d'Transportkapazitéit déi mir zu Spetzestonne brauchen. E staarkt Reckgrad an eng Feinverdeelung mat Tram oder Bus. Mee dat wesst dir wahrscheinlech souwiesou schon.
|
|