C. Oswald oswaldcl@pt.lu  Tue Dec 14 12:31:39 2004 Date
Message Dir musst an d'Politik goen, Här "Pol", allerdings dee Moment ënnert Ärem volle Numm. Dir musst Iech och eng Partei eraussichen, déi de "BB" kompromësslos ënnerstëtzt. Sou radikal (oder opportunistesch?) ka wuel nëmmen den ADR sinn, also déi Partei, déi de ganze Problem vill méi bëlleg mat Gelenkbusse léise wollt.

Ech mengen et hëlleft och neischt, wann Dir (oder den Här Schummer) ëmmer nees kraaftvoll Ausdréck gebraucht a vun enger "leeschtungsstaarker" Eisebunn schwätzt, fir deem e "schwaacht Glitt" entgéintzehalen. Dat ass Reklamm fir de "BB", méi net.

Dach, ech kënnt Iech Recht ginn, wann et wierklech esou wier. Kuckt, och de Bus ass e "schwaacht Glitt", dat permanent am Stau hänkebleift, an dofir komplett onattraktiv ass. Dir musst dem Här Sales an der FLEAA dat emol erzielen ...!

Oder hutt Dir nach ni eppes vu Busspuren an Ampelschaltungen héieren, déi dat "schwaacht Glitt" sënnvoll opwäerten?

Et schéint mer éischter, wéi wann d'Tunnelbefürworter eng panesch Angscht dervir hunn, dass den Train-Tram e Succès kënnt ginn. Dofir maache si alles, fir den Train-Tram schlechtzerieden.

Mee mam ville Schwätzen alleng geet et net duer. Dir hutt e Problem, Här "Pol", nämlech dass Dir d'Politik – an zwar net nëmmen den ADR mee op d'mannst 31 vu 60 Deputéiert – vum "Modell Schummer" iwwerzeege musst. Ech wënschen Iech vill Spaass, an dass Dir bei dësem Wieder keng kaal Féiss kritt!

Claude Oswald



In order to delete above message, please introduce Admin password:

  /!\ WARNING /!\  
You won't be able to recover this message anymore!.


Modify/Delete entry

Modify entry
Delete entry
Admin Password:

[Back to book]


Y-a-p-Gb