Pol  Tue Dec 14 12:16:08 2004 Date
Message Dat as den Nodeel wann een als Regierung e Kompromiss maachen a siche muss:
Jidferee get esou wäit no bis een op engem gemeinsamen Nenner land. Op dem klengste gemeinsamen Nenner.
Dass do vun enger méiglecherweis gudder Léisung net vill iwwreg bleift wat den Opwand rechtfertegt as an desem Fall dat trauregt Resultat.
Am Oktober virun engem Joer wéi den mobilitéit.lu (mobilitéit.lu as e gesamt Konzept fir dat ganzt Land mat ville gudden Iddien, e Kapitel vum mobilitéit.lu as de manner gudde Modul K (Train-Tram um Kierchbierg)) ofgeseent gin as konnt een dat esouguer esouguer live op ChamberTV materliewen:
Déi Rout hu gesot, si géiffen den et net fir déi bäscht Léisung halen, giffen awer dervir stemmen fir dass iwwerhaapt emol eppes geschitt! (Pol:Et wollt ee jo koalitiounsfäheg bleiwen)
Déi Greng hu begréisst dass en Tram gebaut soll gin, hun allerdengs gesot dass de Modul K alleng net vill brengt an hun dovir virgeschloen, d Streck direkt bis an d Stad ze verlängeren (as ofgelehnt gin)
Déi Blo ware souwiesou dervir an d'CSV war hiere Koalitiounspartner déi natiirlech dann och net engem bloen Transportminister an de Reck falen.
Den ADR war fir de BB (sou dass déi aner Parteien sech dann mengen automatesch distanzéieren ze mussen.

Ech well elo hei net déi enzel Parteie géinteneen ausspillen, ech well just weisen dass et net grad esou kloer an däitlech as wéi dat schengt. Do as och vill Parteipolitik am Spill. Et kann ee jo och net emmer erem vun engem Projet op den näxten opsprangen.

Dir sot den RER wier iwwerproportionnéiert fir de Stadzentrum. Genau déi selwecht Zich komme vun der Gare a fueren jo awer duerno weider op de Kierchbierg, wou dir jo sot dass d'Leit wierklech hi wellen, ausserdeem get et en Uschloss fir de Lampertsbierg (Lyceen).
A wann dir wierklech eng Stadt-Umfahrung wellt well den Zentrum net wichteg sollt sin: Firwat brauch een dann en Train-Tram fir déi 2 km laanscht de Bvd. Kennedy? Hei geet et jo awer wuel dann éischter drem e Fait accompli ze schaafen fir duerno méi einfach AWER en Tram an de Stadzentrum ze kréien. Déi ennerierdeg Statioune vum BB kennen de Grond net sin, de Modul K huet och eng Statioun am Tunnel (Schoetter Marial) 30 Meter ennert dem Buedem.

Also nach eng Kéier:
Firwat soll déi bäscht Verbindung teschent zwou (leeschtungsstarken) Eisebunnslinnen eng Train-Tram-Verbindung sin? Duerch si missten nämlech déi vill Leit déi dir ronderem d Stad (iwwert de Findel) féiere wellt an déi mat 2-Stäckegen Zich z.b. aus Frankräich, vun Esch oder Diddleng kommen iergendwann op den Tram emklammen (z.b. bei de Foireshalen oder op der Gare).

Do kommen da mat Secherheet méi laang Waardezäiten eraus wéi virun de BB-Lifter. (Emklammen vun engem 2-Stäckegen 190m-Zuch op (min.) eng hallef Dosen eestäckeg 75-Meter-Trammen).
Iwwregens: Sou wäit ech wees as d'Emklammstatioun bei de Foireshalen och ennerierdesch geplangt!

Elo sin ech awer op är Äntwerten gespaant, Här Oswald!
Ech wees dass ech IERCH net iwwerzeecht kréien, awer ech sin optimistesch, dass d'Politik d'Kéier nach kritt!



In order to delete above message, please introduce Admin password:

  /!\ WARNING /!\  
You won't be able to recover this message anymore!.


Modify/Delete entry

Modify entry
Delete entry
Admin Password:

[Back to book]


Y-a-p-Gb