C. Oswald oswaldcl@pt.lu  Mon Dec 13 17:45:22 2004 Date
Message Här Pol!

Et waren der scho vill déi soi-disant just eist "Bescht" wollten …

Ceci dit, brauch ech awer Äre guttväterleche Rot net fir mer ze soen, wat fir mech dat "Bescht" ass. Ech bilde mer méng Meenung selwer a loosse mech weder duerch bëlleg Polemik nach duerch parteipolitesch Intrigen dovun ofhalen. Där ware nämlech viru 5 Joer méi wéi genuch am Spill.

(A propos: Wousst Der schonn, dass sämtlech politesch Parteie just eist "Bescht" wëllen, obschonn dass se sech permanent zerklappen, an een deem aner widderspriechen?).

D'Situatioun ass haut eng aner wéi 1999. De Georges Schummer huet emol sënngeméiss gesot, en hätt sech aus dem ganze Streit rondrem de BTB zeréckgehal, an eréischt wéi e gesinn hätt dass et neischt gouf, wier hie mat séngem Virschlag an d'Ëffentlechkeet getrueden.

Dir verzeit mer, wann ech elo net all Punkt a Komma eremginn hunn!

D'Tram asbl war iwwregens eng vun den éischten Associatiounen, déi de Georges Schummer deemols invitéiert huet, fir iwwert säi Projet ze schwätzen. Mir ware virwëtzeg, awer mir hunn duerno iwwert séng Iddi diskutéiert an eis eng Meenung gebild.

Dat wat vun offizieller Seit, vum deemolegen Transportminister Henri Grethen als "Null plus"-Variant an de Raum gestallt gouf, huet eis natierlech net zefriddegestallt.

Mee méi spéit - et seet ee jo: besser spéit wéi ni - huet och den Här d'Grethen d'Kéier kritt an e bësschen eppes anescht proposéiert.

Et kann ee wuel soen, dass dat wat aktuell um Dësch leit, mehrheitsfäheg ass, well et vun enger CSV-DP-Koalitioun ausgeschafft an ofgeseent gouf, a well et elo vun enger CSV-LSAP-Regierungskoalitioun emgesat soll ginn.

Drei Parteien, an ech géif soe plus déi Gréng sinn sech also méi oder wéineger eens, fir dat do ze maachen. Just den ADR mat sénge 5 vu 60 Sëtz ass dogéint.

Ech froe mech dofir, ob Dir gutt berode sitt, wann Der permanent géint eppes stänkert an Iech fir e "BB" asetzt, deen an där Form net mehrheitsfäheg ass.

Ech soen Iech entre parenthèses, dass Är "Frënn" vum ADR mat Gelenkbusse fuere wollten, an dass och déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer am Stater Cercle vun engem futuristesche Bussystem geschwärmt huet, fir géint de BTB Politik ze maachen.

Da kroute mir selwer ëmmer nees gesot, dass de Stadzentrum net à tel point wichteg wier, dass een do mat engem Tram, geschweige denn mat engem Zuch fuere misst. D'Bild vun der Busgare um Hamilius, wou Tonne Leit lafen, géif nämlech täuschen. Déi meeschte Leit géife vum Kierchbierg kommen a wëllte séier heem, op Miersch oder op Esch, an d'Lorraine oder an d'Belsch.

Esou gesinn, ass net nëmmen den Tram duerch d'Stad e bësschen iwwerflësseg, mee dat gëlt da gradesou fir Ären R.E.R., deen total iwwerproportionéiert ass. Et kann ee nämlech vill méi kamoud rondrem de Stadzentrum fueren, sou wéi dat aktuell geplangt ass.

Mee wann ee wéi mir der Meenung ass, dass een de Stadzentrum aus urbanisteschen an touristeschen Iwwerleunge net lénks leie loosse soll, da soll een dat mat engem Verkéiersmëttel maachen, dat sech op aner Plaazen am Ausland beschtens bewäert huet.

An deem Sënn géif ech d'Stad Lëtzebuerg och éischter mat Freiburg oder Mulhouse vergleichen, wéi mat Paräis oder Moskau. Wa mer zu Paräis géife liewen, kënnt ech Ärt Raisonnement zur Nout nach verstoen.

Claude Oswald


P.S. - Dir sot, beim BTB wier just all véierten Tram duerch d'Stad gefuer. Ech hunn dat am Gespréich mat de Fachleit allerdings anescht verstan gehat … mee leider ass et jo esou, dass de ganze Projet vu bestëmmte Leit systematesch a mat vill "Tamtam" zerried gouf, sou dass eng konstruktiv Diskussioun déi dat Ganzt hätt kënnten ausreife loossen, iwwerhaapt net zustane koum.

Mer hunn, ech soen dat riichteraus, 5 bis 6 Joer verluer, a mer kënnten haut vill méi weit sinn.



In order to delete above message, please introduce Admin password:

  /!\ WARNING /!\  
You won't be able to recover this message anymore!.


Modify/Delete entry

Modify entry
Delete entry
Admin Password:

[Back to book]


Y-a-p-Gb