Pol  Mon Dec 13 15:42:19 2004 Date
Message Dat as richteg, ech setze mech tatsächlech stur dervir an, dass mir eise Verkéiersproblemer meeschter gin.

Ech hu jo prinzipiell näischt géint en Tram oder Train-Tram, mee wann eppes gebaut soll gin, da soll en och eng Verbesserung duerstellen.

Et as richteg, dass déi Stater Leit bestemmt gär giffen mat engem Tram akaafe fueren (ofgesin dervun dass d Geschäftsleit beim BTB scho keng Baustelle méi an hiere Stroosse wollten). Dat wier secher agreabel, awer zu denen Zäiten zu denen en Tram déi néideg Transportkapazitéiten zur Verfügung stellt (9-12 Auer, 14-15:30 Auer, 19-23 Auer) gin déi aktuell BUSlinnen och duer fir d'Leit ze transportéieren.

Wa scho Suen investéiert gin, da soll dat fir eng Léisung sin, déi och zu de Spetzestonnen dem Menschenundrang meeschter get.

Erennerung: Beim BTB as gesot gin, dass maximal all 4. Zuch als Train-Tram kéint duerch d Stad fueren well et soss zu engem Verkéiers-chaos giff kommen. Et as awer elo schon esou, dass moies géint 8 Auer a Mettes vu 4-6 Auer d'Eisebunnszich voll sin. Dobäi huet en CFLszuch haut scho méi eng héich Transportkapazitéit wéi en Train-Tram.

Froen un den Här Oswald:

-Wéi stellt dir Ierch vir dass eis Verkéiersproblemer geléist kenne gin (Stauen moies an owes) andeems Train-Trammen agesat gin déi maximal 75m laang sin verglach mat 190m vun engem Zuch?
-Wa beim BTB just all 4. Tram duerch d Stad hätt kenne fueren, wéi kommt dir dann derzou, dass een op en Train-Tram manner laang misst waarden wéi op en Zuch, dee vum Stroosseverkéier onofhängeg as a wou ALL Zuch duerch d Stad fuere kann?
-Wann e Grenzgänger net mat engem RER an d Stad akaafe fiert, firwat sollt en dat dann mat engem Train-Tram maachen? Besonneg wann e wahrscheinlech mam Auto ennerwee as well et sech net esou gudd mat engem Tram vu Metz op de Kierchbierg fiert.



In order to delete above message, please introduce Admin password:

  /!\ WARNING /!\  
You won't be able to recover this message anymore!.


Modify/Delete entry

Modify entry
Delete entry
Admin Password:

[Back to book]


Y-a-p-Gb