C. Oswald oswaldcl@pt.lu  Mon Dec 13 11:02:30 2004 Date
Message De Pefferkär …

… ech wëll op dëser Plaaz eppes soen, wat e bëssche méi allgemeng ass.

Ech mengen, den Här Pol an ech sinn eis net eens. Ech weess net, ob mer probéieren een deen aner ze iwwerzeegen, mee ech ginn awer dovun aus, dass mer alle béid zimmlech stur sinn.

Ech géif esouguer soen, den Här Pol ass Gott sei Dank net Transportminister! Wahrscheinlech denkt hien dat Selwecht vu mär.

Also, dass ech him bis elo keen iwwerzeegend Argument liwwere konnt, hänkt wahrscheinlech net un deem wat ech him ze erkläre versicht hunn, mee et hänkt drun, dass den Här Pol op de "BB" fixéiert" ass. Ëmgedréint wäerd hien dat Selwecht vu mär behaapten.

Dat heescht awer net, dass aner Leit méng Argumenter net verstinn. Sou wéi et jo och Leit gëtt, déi fir den Här Schummer duerch d'Feier ginn.

Ech ziele mech allerdings net zu dene "Fanatiker", déi d'Welt onbedingt verbessere wëllen, an déi aner Leit hir Religioun opzwénge wëllen. Oder déi engem den Androck ginn, si hätten d'Wourecht fir sech gepacht, a si wieren onfeelbar.

Ech géif dem Här Pol dofir virschloen, hie soll sech déi nächste Kéier mat séngem voll Numm beim ADR opsetzen an de "BB" zu engem grousse Wahlkampfthema maachen. E soll allerdings oppassen, dass den ADR dee Moment net schreift, de "BB" géif ze deier ginn, an et kënnt een dat Ganzt gradesou gutt a vill méi bëlleg mat Gelenkbusse maachen.

Bis dann,

Claude Oswald



In order to delete above message, please introduce Admin password:

  /!\ WARNING /!\  
You won't be able to recover this message anymore!.


Modify/Delete entry

Modify entry
Delete entry
Admin Password:

[Back to book]


Y-a-p-Gb