C. Oswald oswaldcl@pt.lu  Mon Dec 13 10:43:19 2004 Date
Message Här Pol …!

Dir sitt witzeg, an dat gefällt mer!

Mir kënne jo éiweg esou virufueren, dass jiddereen deem aner séng Argumenter zerpléckt. Oder deem aner séng Wierder am Mond verdréint.

Ech hu ni gesot, d'Grenzgänger géife mech net interesséieren. Dat ass Är Interpretatioun!

Mee dann erlaabt mer, dass ech méngerseits Är Behaaptung interpretéieren, d'Leit hätte soss neischt am Kapp, wéi no Feierowend eis Stad esou séier wéi méiglech ze verloossen.

Heescht dat, dass eis Stad net schéin a net attraktiv ass …?

Ech war dëser Deeg zu Freiburg, an ech hu gesinn, dass et do net nëmme ganz schéin ass, mee dass den Tram matten duerch d'Foussgängerzon fiert. Eng Frechheet, fannt Dir net?

Eis Stad Lëtzebuerg ass scho méi laang krank. Et ass effektiv esou, dass se am Verglach zu aner Stied am Ausland net méi attraktiv ass. Dat hu Leit déi et besser wësse mussen, geschriwwen. Et feelt eng "Lokomotiv", an et feelt e gewësse "Mix" vu Geschäfter, sou wéi e fréier bestanen huet.

Vläicht war et e Feeler, dass eis Politiker eeseiteg op d'Banken an op d'Europäesch Institutioune gesat hunn. Déi brénge wuel Geld an, mee d'Stad ass awer net méi "d'Stad". Gitt emol op Metz kucken!

Bei de Grenzgänger däerfe mer eis keng Illusioune maachen: Déi kommen op Lëtzebuerg fir Geld ze verdingen. Wann déi um Kierchbierg schaffen, hunn se no Feierowend effektiv just ee Gedanken, nämlech esou séier wéi méiglech heem an d'Lorraine, oder an d'Belsch respektiv op Tréier ze fueren. Déi Stater Geschäftsleit déi eventuell hoffen, mat Ärem "BB" géifen d'Grenzgänger séier nach an d'Groussgaass akafen an déi iwwerdeiert Preiser bezuele kommen, maache sech Illusiounen.

Dir kënnt Iech den Arrêt am Tunnel, 50 Meter déif ënnert dem Buedem an deem Fall spueren. Dir kënnt déi Leit gradesougutt rondrem d'Stad op de Kierchbierg féieren, sou wéi dat elo virgesinn ass.

Souguer fir Lëtzebuerger ass d'Stad (leider) net méi attraktiv. Ech héieren dack, dass d'Geschäfter deier sinn, an dass et am Ausland méi bëlleg ass. Dorunner ännert och de "BB" neischt!

Mir hu kee Kino méi am Garer Quartier, mee dofir hu mer do just Problemer. Mir hunn elo definitiv och kee Kino méi am Stadzentrum (Place d'Armes). Déi Jonk fueren an den Utopolis, an dee leit ganz hannen um Kierchbierg, sou dass ee soe kann, et brauch een dofir keen Arrêt 50 Meter déif ënnert dem Centre Hamilius. Et féiert een d'Kanner rondrem d'Stad direkt op de Kierchbierg.

Den Här Paul-Henri Meyers vun der CSV huet viru kuerzem nach zu Bouneweg bei enger Table Ronde vum Mouvement Ecologique zouginn, dass d'Mobilitéitszentral ënnerierdesch am Centre Hamilius net glécklech ass. Dir wësst ganz sëcher - ausser Dir géift ni an d'Stad goen - dass déi meeschte Leit déi ënnerierdesch Passage meiden. De "System Schummer" huet ni esou funktionéiert, wéi dat ursprünglech geplangt war!

Jiddefalls huelen ech zur Kenntnis, dass Äre Frënd den Här Schaeffer mat séngem Drang, d'Welt onbedingt nom Här Schummer séngem Schema "verbesseren" ze wëllen, um CSV-Kongress dëse Weekend duerchgefall ass. Déi Leit wäerte jo wësse firwat.

Bis dann eng aner Kéier, Här Pol XY!

Claude Oswald



In order to delete above message, please introduce Admin password:

  /!\ WARNING /!\  
You won't be able to recover this message anymore!.


Modify/Delete entry

Modify entry
Delete entry
Admin Password:

[Back to book]


Y-a-p-Gb