Pol  Mon Dec 13 09:21:22 2004 Date
Message Intressant, Här Oswald!
Dir schreift dass ee beim Helleg-Geescht-Lift nie laang waarde muss well do net vill Leit matfueren.

Den Helleg-Geescht-Lift as tatsächlech relatv kleng an net besonneg séier (am Vergläich zu dem wat technesch machbar as). Mee ech fannen et awer ganz passend, dass Dir Paralellen zum Train-Tram resp. RER zitt:
Mir hun an desem Fall eng kleng Kapazitéit fir e puer Leit, déi heianso gedrepst kommen (Foussgänger aus der Stad) an de Gronn oder zreck ze brengen.
Fir grouss Masse vu Leit geet dee Lift wierklech net duer. An dofir fuerdert Dir dann en Train-Tram-System deen ebenfalls nemmen e Brochdeel vun engem RER transportéiere kann an dofir nemme fir Stater Leit attraktiv as (Och wann iwwerhaapt nach keng Tramsstreck duerch d'Stad virgesin as).

Déi "aner, d'Grenzgänger déi kee Wahlrecht hunn" wéi Dir sot intresséieren Ierch eben net.

Ech selwer sin zwar kee Grenzgänger, mee ech wunnen och net an der Stad. Schued dass den Här Oswald sech net fir eng Verbesserung fir Leit wéi mech asetzt (Dat selwecht gelt iwwregens fir Awunner aus senger eegener Gemeng, oder Escher a Mierscher). Ech well moies séier an d Stad an owes séier eraus. Wann ech méi wéilt gesin giff ech mat deenen neie Sightseeingbussen en Tour ronderem fueren, do get et nämlech och nach Erklärungen zu de Sehenswürdegkeeten.

Mee virwat soll en RER nemmen all hallef Stonn fueren? En Zuchsystem bidd op d Mannst d'Méiglechkeet mat groussen ODER klengen Zuchgarnituren ze fueren an déi dann de Passagéierzuelen unzepassen (och zu Spetzestonnen). Et existéieren och Zich, déi net méi grouss si wéi en Tram, déi kennen da moies um 11 Auer agesat gin. Dat as dach méi logesch wéi e System deen de ganzen Dag gläichméisseg ausgelaascht as fir e puer Stater Leit bei den Namur ze kutschéieren während sech moies an owes nach emmer Stauen op de Grenze vun der Stad bilden.

Ech bewonneren den Här Oswald fir seng Gedold wann hie seet, hien hätt näischt géint en Tram oder e Buss, deen zwar e bessche méi laang brauch, mee engem dofir eng fräi Siicht op de Feierowendverkéier erméiglecht. Ech selwer hun awer och nach aner Hobbien mat denen ech meng Owender well verbrengen an ech mengen (an hoffen) dass ech do net den eenzege sin.

A Propos Tourismus: Ennert dem Buerdem gesäit een zwar net esou vill vun der Stad, awer wann ech kukke wéi vill Leit sech all Dag d'Kasematten ukukken, kann et ennen am Fiels guer net esou schlemm sin! Frot nemmen d'Melusina : )

Ech si gespaant a free mech op dat näxt Hoer an der Zopp. Et berouegt mech awer dass déi meeschten Hoer sech em seng Tunnel-a Lift-ängscht dréien an souguer hien nach keen iwwerzeegend Argument liwwere konnt. (Och wann ech elo riskéiern dass hie mer elo virwerft ech hätt Iebessen an den Ouren, nemme well ech déi meescht vu sengen Argumenter net deelen).



In order to delete above message, please introduce Admin password:

  /!\ WARNING /!\  
You won't be able to recover this message anymore!.


Modify/Delete entry

Modify entry
Delete entry
Admin Password:

[Back to book]


Y-a-p-Gb