C. Oswald oswaldcl@pt.lu  Fri Dec 10 18:11:23 2004 Date
Message Ech probéiere nees eng Kéier, méiglechst sachlech ze diskutéieren, quitte dass Kritik munchmol wéi deet a vu bestëmmte Leit net akzeptéiert gëtt. Mee den Här Gasti Thewes fuerdert mech eraus.

Ech fänke mat engem Zitat un, wat ech op Ärem Site gelies hunn: "Comme celui-ci n'est pas boudé par le grand public, mais au contraire très fréquenté, il est difficile de faire croire à un manque d'acceptation des ascenseurs de la part de la population!"

Rieds geet do vum Lift, dee vum Grond op de Plateau du Saint-Esprit féiert.

Ech huelen déi Ausso zur Kenntnis, mee ech erlaabe mer, den "avocat du diable" ze spillen: Ech si net ganz mat dëser Ausso d'accord!

Et ass nämlech a méngen Aaen en Ënnerscheed, wann Der vum Helleg-Geescht-Lift schwätzt, a vun engem R.E.R.

Beim Helleg-Geescht-Lift kommen d'Leit regelrecht "gedrëpst", wéi een dat op Lëtzebuergesch nennt. Et kommen der ni 300 op ee Schlag, mee 5 hei an 10 do.

D'Leit brauchen och ni laang ënnen ze stoen an ze warden.

Beim R.E.R. ass dat, wann Der erlaabt, e bësschen anescht. Do kommen an de Spëtzestonnen e puer honnert Leit madeneen, wann d'Zich alaafen, an déi puer honnert Leit wiere gären direkt a wa méiglech all madeneen op der Uewerfläch. Dat erfuerdert Disziplin!

An de verkéiersschwaache Stonne sinn déi Lifter dogéint iwwerproportionéiert. Dat betrëfft virun allem déi Lifter, déi fir d'Schüler geduecht sinn. An de Schoulvakanzen ass do méi oder wéineger "tote Hose".

Dann ass awer nach eppes anescht ganz wichteg: Beim R.E.R. kënnt net all 2 Minutten en Zuch, well mer sinn hei net zu Paräis, an och net zu Moskau.

Kënnt Dir Iech virstellen, wat fir e komescht Gefill dat ass, wann een 30 Minutten ënnerierdesch an engem enken Tunnel warde muss?

Mengt Dir wierklech, dass dat "kundenfreundlich" ass, an dass déi Stater Leit net ganz séier drop halen, dass si wéi gewinnt mat "hirem" Bus fuere kënnen, deen all 10 Minutte kënnt?

Den R.E.R. ass also fir déi "aner", fir d'Grenzgänger déi kee Wahlrecht hunn … oder gesinn ech dat falsch?

Och déi Einheimesch déi vun Esch oder vu Miersch kommen, wäerte sech séier opregen, wa si 30 Minutten an engem Tunnel 50 Meter déif ënnert dem Buedem warde mussen.

Ech weess, wat eng S-Bunn ass, an ech sinn och schonns mam R.E.R. zu Paräis gefuer. Ech wëll awer betounen, dass ech gradesou gär mam Bus zu Paräis fueren, quitte dass et do e bëssche méi laang dauert. Mee ech sinn esou fräi a géif gären eppes ënnerwee gesinn.

Mat beschte Gréiss,

Claude Oswald



In order to delete above message, please introduce Admin password:

  /!\ WARNING /!\  
You won't be able to recover this message anymore!.


Modify/Delete entry

Modify entry
Delete entry
Admin Password:

[Back to book]


Y-a-p-Gb