Pol  Mon Dec 6 13:18:45 2004 Date
Message Absolut richteg!
Mir sin eis also eenz, dass dat "neit" Verkéierskonzept mat eisem Eisebunnsnetz muss kompatibel sin (An dofir si mir och all zum Schluss komm dass mir eng Schinneléisung brauchen, déi et erméiglecht iergendwou am CFL-Reseau fortzefueren a bis an d'Stad era bruecht ze gin.)
Ech mengen dass weder e Buss-Bunn nach e Karlsruher Modell fir Letzebuerg grondsätzlech falsch as, mir sin eben einfach op 2 verschidde Léisungsusätz komm.

Awer dass de Modul K aus dem Mobilitéit.lu esou wéi e geplangt as vill Sue kascht a wéineg brengt, do si mir eis mengen ech och all eenz!

Dir (Tram a.s.b.l.) gesidd eben doranner d'(berechtegt)Hoffnung dass den Train-Tram spéider duerch déi ganz Stad erweidert get (wat awer nach eng Kéier laang dauere kann a Sue kascht), mir (oder ech) gesin doran e Schrett an déi falsch Richtung, well en eis zwengt, um halwen CFL-Reseau mat Train-Trammen ze fueren woubäi et mat engem RER oder BB méiglech wier, d'Transportkapazitéit vun der Bunn an och déi normal Zich (evl. esouguer den TGV) an der Stad bäizebehaalen.
Dann hätte mer e System aus engem Goss.

Mir sin eis also eenz dass mir eis oneenz sin!
Ech menge méi kenne mir an enger Diskussioun op deser Plattform (Guestbook) tatsächlech net ereechen.



In order to delete above message, please introduce Admin password:

  /!\ WARNING /!\  
You won't be able to recover this message anymore!.


Modify/Delete entry

Modify entry
Delete entry
Admin Password:

[Back to book]


Y-a-p-Gb