C. Oswald oswaldcl@pt.lu  Mon Dec 6 12:09:53 2004 Date
Message Ech wëll eppes Grondsätzleches soen, wat vläicht muss geklärt ginn.

Dëst "guestbook" huet wéi all aner "guestbook" ee grousse Nodeel, nämlech dass et keng neutral Plattform ass, wou déi ënnerschittlech Meenunge gleichberechtegt zum Ausdrock kommen.

Et ass kloer, dass dëst "guestbook" dem RER.lu gehéiert, an dass Dir versicht, eventuell Kritiken ofzeschwächen. Dat ass legitim, an domat kann ech liewen.

Dofir géif ech och net soen, dass mer laanschtenee schwätzen, wa mer eis net verstinn. Et ass richteg a falsch, wann ee schreift: Mer brauche weder en Train-Tram, nach eng Tunnelléisung, well et ass de verkéierte Wee, wann ee sech fir d'éischt de Moyen gëtt ouni ze définéieren, wat eigentlech d'Ziil ass. Et baut jo keng Regierung en Train-Tram oder en Tunnel vu Langweil, oder well se grad neischt Besseres ze dinn huet!

D'Tram asbl ass am Fong entstan als Reaktioun op verschidde Metro- oder "Minimetro"-Projeten. Do ware Leit déi sech gesot hunn, dass ee mat deem Geld wat esou eng (soi-disant) futuristesch Léisung kascht, eppes ganz anescht maache kënnt, wat vill méi efficace wier a net op eng isoléiert Streck tëschent zwee Parkinge beschränkt ass. De "Minimetro" war en horizontale Lift a wier vum Konzept hir souwisou e Friemkierper bliwwen, dee weder mat engem Tram, nach mat der klassescher Eisebunn kompatibel war.

Ech mengen (an ech hoffen), dass mer eis an deem Punkt esouweit eens sinn, dass dëse "Minimetro" haut keen Thema méi ass!

D'Tram asbl ass och vun Ufank un éischter pragmatesch virgaang an huet eng Partie Transportmëttel ënnersicht. Et kann ee soen, dass mer bei eisen Excursioune praktesch alles ënnert d'Lupp geholl hunn, vum Tram iwwert de Metro bis bei d'S-Bunn, ouni de Bus an den Trolleybus ze vergiessen. Mer hate wuel e "préjugé favorable" fir den Tram, mee mer hunn eis ëmmer nees kritesch Froe gestallt, bis mer schliisslech zur Iwwerzeegung koumen, dass de "Karlsruher Modell" eng Méiglechkeet fir Lëtzebuerg wier – quitte dass een enger gewësser Automobil-Lobby e bësschen op d'Zéiwen trëppele misst. Ech war selwer zegmol zu Karlsruhe, an duerno zu Saarbrécken.

Et kann een ons jiddefalls net virwerfen, mir wieren Dogmatiker, oder mir géife nëmmen den Tram gesinn. Et huet eis déck gedoen, wéi de Projet BTB um Dësch luch a vu Leit, déi vu kenger Sachkenntnis getrübt waren, zerried gouf. Mee mer fillen eis awer a gudder Gesellschaft mat denen, déi fir den Train-Tram antrieden – hei zu Lëtzebuerg an am Ausland.

Vläicht sollt een déi verschidde "guestbook'en" vun denen eenzelne Vereiner ganz einfach als dat gesinn, wat se sinn, nämlech eng Plattform wou Leit hir Sympathien ausdrécken. Déi eigentlech Diskussioun gehéiert ménger Meenung no op eng aner Plaaz.


P.S. – Ech wëll awer nach eppes konkret zum "Stadzentrum" soen. Do ass jo neierdings eng Polemik rondrem d'Fro, wou den Zentrum eigentlech ufänkt, a wou en ophält. Déi eng mengen domat d'Uewerstad, déi aner de "Stadkär", an da sinn der nees, déi d'Nei Avenue mat aschléissen. Jiddefalls ass den Train-Tram am "Uewerstadzentrumkär" fir si en absoluten Tabu – obschonn ee vun Tabue grondsätzlech hale kann, wat ee wëllt.

Da wëll ech nach eppes anescht soen: Ech wier virsichteg, wann eenzel Politiker op eemol fir de "BB"-Tunnel sinn, déi nach virun e puer Joer fonnt hunn, de BTB géif ze deier ginn, an déi aus deem Grond geschriwwen hunn, et kënnt een dat Ganzt vill méi bëlleg a praktesch mat Gelenkbusse maachen.

Ech géif mech net zevill op déi do Zort Politiker verloossen, well déi dréine sech wéi de Wand, sou wéi et fir si opportun ass!



In order to delete above message, please introduce Admin password:

  /!\ WARNING /!\  
You won't be able to recover this message anymore!.


Modify/Delete entry

Modify entry
Delete entry
Admin Password:

[Back to book]


Y-a-p-Gb