Pol  Fri Dec 3 16:13:36 2004 Date
Message Also ech interpretéieren dat mam Ascenceur moderne esou dass en nom Stand vun der Technik gebaut get (also wat hautzudags méiglech as), am Géigesatz zu ville Lifter déi soss doremmer a Betrieb sin (z.b. helleg-Geescht-Plateau). Dass d Berechnunge stemmen huet den Här Schummer sech jo och vun engem Liftbedreiwer bestätege geloos.
A 6,25 Leit pro qm as jo och keng Norm vum Här Schummer, mee et as déi, déi fir esou Berechnunge Standard as. Et kann ee jo och do wou et gebraucht get méi oder méi grouss Lifter bauen! Mee dat as dann eppes wat ee bei de konkrete Planungen decidéiere kann, dofir brauch ee mengen ech net déi ganz Berechnungsgrondlagen an Normen vun der Liftindustrie op d Kopp ze geheien. Mee mir si jo net Paräis oder Moskow.
Mir perséinlech kennt et virun Allem drop un dass mir eis Verkéiersproblemer moies vir an d Stad eran an owes fir eraus geléist kréien! Mir mussen eisen öffentlechen Transport op de Verkéier zu Spetzestonnen upassen, an net op d Passagéierzuelen moies um 11 Auer :) An dofir ennerstetzen ech den RER Letzebuerg!

D'Eisebunnszich déi d'Leit zu dese Stonnen an d'Stad brengen si jo och haut scho voll (dofir get et jo déi nei 2-Stäckeg Zich). An zu méi rouege Stonnen kenne jo och méi kleng Garnituren agesat gin.

Ech fannen och, dass d Parteien sech emol alleguer äussere sollen, awer fir elo ze soen déi läscht Wahlresultater wieren (wéi dir et fir den ADR undeit) duerch den öffentlechen Transport entscheed gin bezweifelen ech ganz staark. Den öffentlechen Transport war nämlech des Kéier keent vun den Haaptthemen (Am Géigesaatz zu de Wahle vun 1999)



In order to delete above message, please introduce Admin password:

  /!\ WARNING /!\  
You won't be able to recover this message anymore!.


Modify/Delete entry

Modify entry
Delete entry
Admin Password:

[Back to book]


Y-a-p-Gb