C. Oswald oswaldcl@pt.lu  Fri Dec 3 12:09:47 2004 Date
Message Ech wëll op dëser Plaaz – sou wéi den Här Schummer dat vu sénge Géigner verlaangt – eng sachlech Kritik ubréngen.

Ech liesen op Ärem Site: "Des ascenseurs modernes amènent les voyageurs en moins de 15 secondes directement sur le quai et permettent de même de remonter au niveau trottoir ou quai d’autobus."

Dat ass, wann Der erlaabt, à ce stade de la pure théorie!

Eischtens froen ech mech, wat en ascenseur "moderne" ass; respektiv firwat Dir dat Wuert extra bäifügt?

Zweetens gleewen ech ganz gär, dass Äre (geplangte) Lift a 15 oder 20 Sekunden biergop fiert ... mee dat ass awer net déi ganz Wourecht.

Et muss een och déi Zeit mat arechnen, wou d'Leit an de Lift eraklammen, wou se sech drécken a stoussen a wou déi déi schonn am Lift stinn, fannen, dass déi aner kënnen dobausse bleiwen. Dat gëtt dann e Gefréckels mat Hin an Hir, an do verginn d'Sekunde ganz séier!

Ausserdeem hunn ech ganz staark Zweifelen, dass dem Här Schummer séng "Norm" vu 6,25 Leit op de Quadratmeter opgeet. D'Leit wëllen éischtens net gepresst wéi d'Hierken an der Tonn mam Lift fueren, mee si hätte gär e Minimum u kierperlecher Distanz. Zweetens sinn och Leit mat Pochen oder Schoulsäck.

Ech soe fräi a frank, dass ech dogéint sinn, dass een esou mat de Leit emspréngt. Ech maachen och do keen Ënnerscheed tëschent engem iwwerfëllte Lift an engem iwwerfëllten Zuch/Tram/Bus. Ech hunn eppes géint "Normen", déi net mënschlech sinn!

Da wëll ech eppes anescht soen, wat mer immens wichteg schéint: Wann ech zu Paräis oder zu Moskau mam Metro fueren, brauch ech ni laang ze warden. Et kënnt all 90 Sekunden eng Rame an der Gréisstenuerdnung wéi en Zuch, an et sinn Dosende vu Leit déi op all Statioun eran- an erausklammen.

Zu Lëtzebuerg ass dat anescht, och wann eenzel Leit dëst vläicht bedaueren. Ausserhalb de Spëtzestonnen ass bei eis – och an der Stad Lëtzebuerg – zum gréissten Deel "tote Hose". Ech ka mer net virstellen, dass et sech dee Moment rechent, all 10 Minutten eng RER-Rame fueren ze loossen. Ëmgedréint ass et bestëmmt awer och net attraktiv, wann een 30 Minutte warde muss, sou wéi beim "Metro" zu Charleroi.

Dee Moment ass dat nämlech net nëmme relativ blöd, mee bal schonn onheemlech – an da sinn ech iwwerzeegt, dass d'Leit vill léiwer mam Bus fueren. Dat gëlt op d'mannst fir déi Stater Leit, déi bis elo mat hirem Bussystem net schlecht zervéiert waren, an déi och an Zukunft net op hire Bus verzichte wëllen. Or, sinn dat Clienten, déi Ärem "RER" feelen, fir dass e sech rondrem d'Auer rechent.

Mer sinn ebe keng Milliounestad wéi Paräis oder Moskau, an et huet och kee Wäert, dass mer eis dowéinst op de Kapp stellen. Aus deem Grond sinn ech perséinlech der Meenung, dass en Train-Tram eiser Situatioun besser ugepasst ass.

Ech géif proposéieren, fir alle Spekulatiounen en Enn ze setzen, dass déi politesch Parteie klipp a kloer soen, fir wat fir e System si antrieden, an dass d'Wieler dee Moment demokratesch décidéieren, ob si mam Zuch, mam Bus, mam Train-Tram oder duerch den Tunnel fuere wëllen.



In order to delete above message, please introduce Admin password:

  /!\ WARNING /!\  
You won't be able to recover this message anymore!.


Modify/Delete entry

Modify entry
Delete entry
Admin Password:

[Back to book]


Y-a-p-Gb