|
Sou einfach, wéi Dir Iech et mat, ass et net, Här Schummer!
Dir sitt deen, dee (soi-disant) alles besser weess a (soi-disant) ëmmer Recht huet. Déi aner sinn an Ären Aen Daboen.
Dir verdrot keng Kritik an dréint da séier de Spiiss em, fir ze behaapten, déi aner géife sech net seriös mat Ärem "BB" beschäftegen, oder se hätten e negative Préjugé. Et steet awer mengens Wëssens net an der Lëtzebuerger Verfassung, dass jidderee mat Iech d'accord muss sinn.
Firwat setzt Der Iech net beim ADR op a gitt de Leit d'Méiglechkeet, an demokratesche Walen doriwwer ze décidéieren, ob se de "BB" definitiv wëllen oder net? Dat géif ménger Meenung no sämtleche Spekulatiounen en Enn setzen!
|
|