RER.lu Guestbook - Sot eis är Meenung Sign guestbook Reload Go back to the site

[Säit virdrun] 1 2 3 4 [Säit duerno] 

Admin: delete entry georges schummer www.busbunn.net  29/09/07   11:10:29 Date
Message Wéinst der objektiver Informatioun, hei nodréiglech eng relevant Matdeelung vum Här Oswald:

Der ALACF hir Positioun am Pressecommuniqué wou si mat ënnerschriwwen huet, ass jiddefalls zimmlech kloer:

Les associations partenaires et signatrices revendiquent,
- le maintien du service ferroviaire sur la ligne Diekirch - Ettelbruck
- dans le cadre du projet d’urbanisation Nordstad ; la réservation d’un couloir propre et continu, entre Gilsdorf et Colmar-Berg (- Bissen) destiné à un système du type « train-tram », et notamment un couloir du côté ouest (côté « ville » ) au niveau de la gare d’Ettelbruck,
- la réalisation d’une étude de faisabilité portant sur la construction d’un système du type « train-tram » sur le tronçon Gilsdorf – Diekirch – Ingeldorf – Erpeldange – Ettelbruck – Schieren - Colmar-Berg – Bissen et sur les possibilités de connexion au réseau ferroviaire national,
- la réalisation de l’infrastructure pour un système du type « train-tram », à entreprendre en même temps que le chantier de la restructuration de l’axe central de
la Nordstad,
- l’inscription du projet d’un système du type «train-tram» dans la Nordstad dans le plan sectoriel transport actuellement en élaboration.

Les associations partenaires et signatrices,

ALACF–Association Luxembourgeoise des Amis des Chemins de Fer a.s.b.l.
AÖT-Aktioun Oeffentlechen Transport a.s.b.l.
FNCTTFEL-Landesverband
GEDF-Groupement d’Etudes et de Doc**entation Ferroviaires a.s.b.l.
Nordstad Tram a.s.b.l.
SYPROLUX-FCPT
Tram a.s.b.l.

Souwait den Envoi vum Här Oswald, deen ech zur Kenntnis huelen. Dozou wëll ech just nach bemierken, datt et net méng Haapt-Suerg ass, wéi d'ALACF hier Positioun géintiwwer hiere Membere justifizéiert.
georges schummer


Admin: delete entry georges schummer www.busbunn.net  28/09/07   10:16:11 Date
Message Also huet d'ALACF sech net fir den Nordstad-Tram, mee fir den Erhalt vum Schinneverkéier ausgeschwat! Ier de Comité sech am Numm vun hiere Memberen zum Nordstad-Tram, oder géint den Erhalt vun der aktueller Zuchstreck Ettelbréck-Dikrech bekennt, wärd en dach wuel d'Meenung vu sénge Membere froen, ob déi dee Wee matgoe wëllen? Alles aneschtes ass Spekulatioun a Wonschdenken.


Admin: delete entry Claude Oswald  28/09/07   09:32:57 Date
Message Zu Punkt 7 wëllt ech nach e Wuert soen. Den Här Schummer schreift: "Ob de Projet Nordstad-Tram vun der ALACF ënnerstëtzt gëtt, schéint mir net esou kloer. Jiddefalls nom ALACF-Forum, Rubrik „Finger weg von der Eisenbahnstrecke Ettelbrück – Diekirch“ ginn d’Meenungen nach wäit auserneen. Als Member ass mir och näischt vun enger demokratescher Beschlossfaassung bekannt."

D'ALACF gehéiert zu de Signatairë vum Pressecommuniqué "Fir en attraktive Schinneverkéier an der Nordstad", wou och d'Tram asbl an d'Nordstad-Tram asbl ënnerschriwwen hunn.

Ech gesinn do kee Problem, souguer wann an der ALACF vläicht deen oder aner Eenzelkämpfer géint den Tram sollt sinn. Et ass schliisslech dem Comité séng Charge, fir d'Politik vum Verein ze définéieren an déi grouss Linne festzeleeën. Et ass e bësschen ähnlech wéi bei der Regierung, déi d'Exekutiv hei am Land ass.

Un der Generalversammlung ass et, fir déi Politik guttzeheeschen oder le cas échéant ze sanctionnéieren. Ech mengen awer net, dass an deem Kontext e gréissere Problem op d'ALACF zoukënnt.


Admin: delete entry Claude Oswald oswaldcl [ät] pt [PUNKT] lu  28/09/07   08:52:57 Date
Message Zitat: "Loosse mir einfach emol versiche wéi grouss Leit ze diskutéieren, an all perséinlech Attakken op der Säit ze loossen."

Esou e Saz kléngt eigentlech vu vireran e bëssche wéi eng diskret Ënnerstellung un d'Adress vum Géigner, ma et soll jo net eisen Thema sinn.

Punkt 1 huelen ech zur Kenntnis, dass dat also net negativ gemengt war.

Punkt 2: Mer kënnen am Krees diskutéieren, bis keen eis méi nolauschtert. D'Tatsaach ass wuel, dass den Tram an der Stad Lëtzebuerg de Moment vun offizieller Seit um "ordre du jour" steet. Déijeneg Leit déi fir den Tram sinn - ob se dat berufflech maachen oder an hirer Fräizeit - sinn eben net mam Här Schummer séngen Theorien d'accord. Dat muss awer an enger Demokratie keen Handikap sinn.

Punkt 3: Et gouf vill an haaptsächlech mat onméiglechen "Argumenter", am Virfeld géint de BTB-Modell polemiséiert, och vu Leit déi kee Verkéierswiese studéiert haten. D'Argument vun den CFL koum dene Leit a posteriori natierlech entgéint.

Ech denken allerdings, dass de Problem vun der Capacitéit op der Nordstreck net de selwechten ass, wéi zum Beispill op der vill genotzter Streck tëschent Lëtzebuerg a Beetebuerg. Op der Nordstreck fiert keen TGV, an do fueren och net déi Abberzuel international Gidderzich.

Punkt 4: Ech ginn dovun aus, dass d'Experten dat genee ausrechnen, an dass dat Bild vun der Abberzuel Tramen déi am Verkéier stiechebleiwen, e bësschen iwwerdriwwen ass. Ma ech verstinn dat an deem Kontext, dass den Här Schummer eis säin Tunnel verkafe wëllt. Aus sénger Siicht ass esou eng Argumentatioun legitim. Dat stéiert mech och net, dass hien esou denkt.

Punkt 5: Et muss een de Message vun den CFL an hirem Kontext verstoen. Et ass net, wéi wann déi gesot hätten, en "Train-Tram" wier zu Lëtzebuerg grondsätzlech an an all Eiwegkeet net méiglech.

Punkt 6: Do sinn ech mam Här Schummer an deem Sënn d'accord, dass d'Ofrappe vun der Streck Ettelbréck-Dikrech an d'Ersetze vun den Zich duerch Bussen e falscht Signal géif setzen. Et wier eng grouss Dommheet, wou mer spéider bereie géifen.

Allerdings wier den "Train-Tram" a méngen Aen eng Alternativ fir d'Zukunft, falls de Nordstad-Projet sech an der ablécklecher Form duerchsetze sollt.

Punkt 7: An der ALACF huet jidderee séng Meenung. Allerdings ginn d'Meenungen am Comité net esou weit auserneen, dass d'Leit sech géigeseiteg d'Käpp aschloe géifen.

Eenzel Leit aus dem ALACF-Comité sinn och am Comité vun der Nordstad-Tram asbl. Doraus leeden ech, dass déi Leit wuel net géint den Tram sinn.

Dat ergëtt sech och aus dem perséinleche Kontakt, deen ech mat dene Leit hunn.

Punkt 4:


Admin: delete entry georges schummer www.busbunn.net  27/09/07   18:48:06 Date
Message Loosse mir einfach emol versiche wéi grouss Leit ze diskutéieren, an all perséinlech Attakken op der Säit ze loossen. Der Rei no:

1. Dat Wuert „pittoresk“ ass net péjorativ.

2. Voilà: D’Eisebunn oder d’S-Bunn muss d’“Grobverteilung“ op den Haaptachsen iwwerhuelen. Complémentär dozou stinn d’Trammen an/oder d’Bussen fir d’“Feinverteilung“ zur Verfügung. Allerdéngs géif et grouss Problemer, wann d’Haaptverkéiersachsen op de „gares périphériques“ ophale géifen an net an de Ballungsraum eragefouert géifen, esou wéi dat am aktuell favoriséierte Projet „Tram léger“ virgesinn ass. Doduerch géif de Pendlerverkéier an der Stad einfach erstéckt. Den Tram eleng wier mam „innerstädtesche Part“ iwwerfuedert. Den Tram muss sech op e Liniennetz à la RER oder S-Bahn mat Statiounen an den eenzelne Staddeeler ofstäipe kënnen, wouduerch sech d’Distanzen vun der „Feinverdeelung“ esou reduzéieren, datt den Tram oder den innerstädtesche Bus sénger Aufgab gewues ass. Genee dat maache se de Moment jo och zu Paräis.

3. De BTB nom „train-tram“-Modell ass net vun „Tramsgéigner muttwëlleg zerried an torpedéiert“ ginn, mee en huet sech selwer ad absurdum gefouert. Wat hëlleft eng eenzeg Tramslinn duerch d’Stad, wou nëmmen een Zuch vu véier, och nach op d’Längt vun engem Tram reduzéiert, vum regionalen Eisebunnsnetz weider duerch d’Stad fuere kënnt. Déi aner missten, grad wéi haut, laanscht d’Stad duerch den Uelzechtdall fueren. D’CFL-Analyse huet dann och am Oktober 2005 Klorheet bruecht mat der Feststellung, net nëmmen den innerstädtechen Tramsofschnëtt wir e Schwaachpunkt am Netz, mee d’Transportkapazitéit géif esouguer op dem klasseschen Eisebunnsnetz deziméiert. Et ass natierlech kloer, wa wéinst de Block-(Sécherheets-)Zonen nëmmen all 3 bis 4 Minutten en Zuch fuere kann, ass et en Ennerscheed, ob dat e 40 m laangen Tram ass oder en 190 m laangen duebelstäckegen Eisebunnszuch.

4. Fir d’Pendler wier et eng zousätzlech Entrave, wann amplaz vum „train-tram“ och nach déi 190 m laang duebelstäckeg Zich op de „gares périphériques“ op eng Abberzuel vun „trams légers“ emgeluede gi missten. Op hierem laange Wee vun de „gares périphériques“ bis an déi eenzel Staddeeler bléiwen se souwisou och nach am Stroossestau stiechen, schon an de Fläschenhäls fir an d’Stad eran.

5. Obschon ech net dru gleewen, datt iergendwann an der „Nordstad“ en Tram gebaut gi wärt, halen ech en do nach éischter méiglech wéi an der Stad Lëtzebuerg, wou souwuel d’Widderspréch wéi och déi ongeléiste Problemer technescher a verkéierstechnescher Natur méi grouss sinn, wéi d’Zuel vun de Kilometer vun der geplangter Streck. Ob den Nordstad-Tram opportun wier, z. B. als reng innerstädteschen Tram, sief emol dohigestallt. Mee wann elo erëm proposéiert gëtt, et kënnt een en „train-tram“ vun Dikkerech op Lëtzebuerg fuere loossen, hu mir de Message vun der CFL-Révélatioun vum Oktober 2005 net verstanen. Domat wiere mir erëm bei Punkt 3.

6. Ech deelen d’Meenung, datt op kee Fall d’Zugstreck Ettelbréck-Dikkerech dierft ofgerappt ginn, ier eppes aneschtes do steet. Op där Streck kann e Bus net d’Alternativ sinn.

7. Ob de Projet Nordstad-Tram vun der ALACF ënnerstëtzt gëtt, schéint mir net esou kloer. Jiddefalls nom ALACF-Forum, Rubrik „Finger weg von der Eisenbahnstrecke Ettelbrück – Diekirch“ ginn d’Meenungen nach wäit auserneen. Als Member ass mir och näischt vun enger demokratescher Beschlossfaassung bekannt.

georges schummer


Admin: delete entry Claude Oswald  18/09/07   19:51:52 Date
Message Et freet mech ze liesen, dass den Här Schummer de Stellewäert vum Zürcher Tram unerkennt. Woubei ech allerdings soe wëll, dass dat Adjektiv "pittoresk" mech stéiert, well et dach tëschent den Zeile suggeréiert, dass den Tram e museale Charakter huet. Wien déi nei Tramen zu Zürich (siehe "Cobra") geseit, stellt jiddefalls fest, dass déi e modernen an attraktiven Androck maachen a kengesfalls "pittoresk" wierken.

Thema "Feinverdeelung": D'S-Bunn suergt fir d'Grobverteilung, an den Tram ass éischter fir dat Feint. Och zu Lëtzebuerg wou d'Eisebunn méi oder wéineger wéi eng S-Bunn funktionéiert, kann ee sech dat esou virstellen, dass den Zuch iwwert déi nei geplangte Garen (Houwald, Zéisseng ...) d'Grobverteilung mecht, an dass den Tram den innerstädtesche Part iwwerhëlt.

D'Tram asbl begleed an deem Sënn déi aktuell Pläng vun der Regierung, an et wier ze wënschen, dass et net nees eng Kéier wéi 1999 geet, wou de BTB-Projet vun Tramsgéigner muttwëlleg zerried an torpedéiert gouf. Et wier fatal fir eist Land, wa mer nees eng Kéier 10 Joer mat Diskussioune verléiere géifen, wou alles a Fro gestallt gëtt, a wou mer op kee gréngen Zweig kommen. Ech fäerten nämlech, dass mer anerefalls net nëmmen den Anschluss verléieren, ma dass och deen een oder aner vun eis net méi erliewe wäerd, dass iwwerhaapt e Projet an d'Realitéit emgesat gëtt.

Et däerf een den Tram an der Stad och net isoléiert vum "Rescht" vum Land kucken. D'Diskussiounen em de Projet "Nordstad" weisen, dass dat Verkéiersmëttel an deem Bereich eng wichteg Roll spille kënnt. Wien d'Pläng zu Ettelbréck op der Gemeng gesinn huet, versteet, dass et net méiglech wäerd sinn, d'Streck Ettelbréck-Dikrech an Zukunft nach mat klasseschem Zuchmateriel ze bedingen, sou wéi eenzel Tramsgéigner dëst bei Gelegenheet virgeschloen hunn. D'Alternativ wäerd sinn, dass mer an deem Fall op de Bus zeréckgreife mussen, an dass mer domat eng wichteg Chance verpassen, fir d'Virdeeler vun der Schinn ze notzen.

Souweit ech dat matkritt hunn, gëtt de Projet Nordstad-Tram vun der ALACF ënnerstëtzt, engem Verein also wou den Här Schummer Member ass.


Admin: delete entry georges schummer www.busbunn.net  17/09/07   22:46:31 Date
Message Keen Zweifel: De pitoresken 125 Joer alen Züricher Tram op senger Meterspur-Linn ass attraktiv. Den Tramsréseau soll duerfir och elo nach ausgebaut ginn. Dat ass gudd esou, well den Tram op sénger Streck, meescht en „site propre“, kaum vun Autoe behënnert gëtt. Et soll een awer dobäi net vergiessen, datt den Züricher Tram nëmmen e Mosaiksteen am EPNV ass, virun allem nëtzlech am innerstädtesche Persouneverkéier.

De Problem vun de Pendler, deen et zu Zürich och gëtt, vläicht net grad an dem Mooss wéi an der Stad Lëtzebuerg, hunn se anescht geléist: Zu Zürich gëtt et 26 S-Bunn Linnen, déi nom RER-System aus dem groussen Anzuchsgebitt an d’Stadzentren era laafen, wou se groussendeels och nach déi wichteg Funktioun vun der „Feinverteilung“ iwwerhuelen.

Zitat ZVB („Züricher Verkehrsbetriebe“) op hierer Homepage: „Die schnellen Verbindungen zwischen den einzelnen Stadtquartieren sowie zwischen der Stadt und den angrenzenden Regionen bietet die S-Bahn mit ihrem vergleichsweise dichten Haltestellennetz auf Stadtgebiet an. Die Stärke des öffentlichen Verkehrs liegt letztlich in der Vernetzung mit S-Bahn, Tram und Bussen und anderen Partnern.“

Genee dat misst dach och zu Lëtzebuerg méiglech sinn!

Iwwregens, zu Zürich hu se keng Zäit verluer, a guer net emol probéiert, nom „Train-Tram-System“ Trammen op S-Bunn-Schinnen an S-Bunnen op Trams-Schinne fueren ze loossen. Déi duebelstäckeg Regionalzich ginn och net op sougenannte „gares périphériques“ op eng Abberzuel vun „Trams légers“ ëmgeluden, mee si fueren direkt weider an d’Stad.

georges schummer


Admin: delete entry Paul Müller  29/08/07   12:01:51 Date
Message Zürich ass e gutt Beispill, wou den Tram gutt funktionéiert!


Admin: delete entry Keller Chris kellerch [ät] student [PUNKT] ethz [PUNKT] ch  27/08/07   19:04:14 Date
Message Hmm Hmm,
ech liewen lo schon 6 joer zu zürich an der schweiz, hun architektur an städtebau op der ETH studeiert an sin ganz zefridden och lo hei schaffen ze kennen.
Wann ech dann mol iwert Bierger no Letzebuerg kucken, ass et emmer rem erschreckend ze gesin mat wat fir Projeten versicht get Problemer ze leisen an niwerbei Gelt, Potential, Meiglechkeiten... einfach verpolvert get.
Enzel Projeten dei net an engem grousen Zusammenhang vun enger Strategie stin kennen net den Problem vum Verkeier leisen. Et muss een op Lokaler, Regionale an International Ebene denken virun allem fir Letzebuerg (Grande Region). An dann erkennen wou Problem sin an wei se entstin an wei se an engem zusammenwirkenden System ageieren.
Et geht och net drem wei eng Leisung muss ausgesin mee wei een dohin kennt, waat sin Motive. Mee ech muss soen daat ass mir heinsdo een Rätsel wann ech dei ganz Verkeierspolotik zu Letzebuerg ukucken.
Flait muss een och mol dei Leit un Wierk lossen dei domadder Vertraut sin , et gin der jo genug dei vun den Unien kommen. Ausser fir sie as Platform Letzebuerg net mei sou interessant an daat wir jo schued well et sin genau dei wou eis Land op Trapp gingen halen.

Hei zu Zürich left den öffentlicher Verkehr TipTop virwaat dann soll daat net doheem och sou sin

Gruss


Admin: delete entry Timon Müllenheim Muellenheim [ät] gmx [PUNKT] net  28/04/07   01:27:37 Date
Message Super Projekt!
Das Train-Tram-Projekt würde nur die Straßen noch mehr verstopfen. Jede Großstadt (vorallem die Hauptstadt-Metropolen Europas) haben eine Art U-Bahn.
Deshalb der Kommentar eines Schülers, der jeden Tag mit dem Bus zur Schule fährt: Das Bus-Bunn-Projekt von Georges Schummer ist das genialste was es zur Zeit gibt!!! Liebe Grüße, Timon Müllenheim.


Admin: delete entry georges schummer  27/04/07   01:00:15 Date
Message le dossier:

"Réplique du 22 avril 2007 de l'asbl RER Luxembourg
à la prise de position du Gouvernement du 2 mars 2007"

qui a été envoyé aux Députés de la Chambre, aux membres du Gouvernement et au Conseil d'Etat
et présenté au public lors de la conférence de presse du 25 avril 2007

peut être consulté sur www.rer.lu, pages "home" et "doc**ents"


Admin: delete entry Paul Krier paul [ät] wichtelweb [PUNKT] net http://www.wichtelweb.net  25/04/07   16:09:41 Date
Message Matt Interessie hun ech elo grad op wort.lu den Artikel gelies, datt den BB Projet vun der Politik géif doud geried gin. Ech fannen, daat ass matt deen eenzege Wee! Wéi wëll een en Tram z.B. duerch den Ufank vun der neier Avenue bzw. duerch d'Aal Avenue féieren, wann d'Gleisen net kombinéiert matt der Strooss verlaafen, esou datt Autoen och Tramsschinnnen kënnen blockéieren (wéi z.B. zu Bremen) - esou wéi d'Autoen haut d'Busser blockéieren. Ënnerierdesch ass deen eenzege Wee, en Tram kann net iwwer Stauen ewech "fléien", op mannst net op den Engpäss an "Nadelöhren" wéi déi beschriwwen Plazen - d.h. dann wärten och do Retarden wéi haut bei de Bussen virprogramméiert sin!


Admin: delete entry georges schummer georges [ät] busbunn [PUNKT] net busbunn.net  16/08/06   15:58:02 Date
Message Genee dat ass de Punkt!
Och mam Tram kann een nëmmen mat groussen Investitiounen eng Emverdeelung vum Stroosseraum errechen. Et kommen doduerch keng Verkéiersfläche bäi. Och den Tram verbrauch op der knapper Uewerfläch wertvoll Plaz. Ob op deene Flächen Bussen oder Tramme fueren, doduerch gëtt déi erreechbar Transportkapazitéit kaum méi grouss. Si verbrauche pro Persounekilometer bal déi selwecht Verkéiersfläch.
Dat ass jo eigentlech och de Grond, virwat an anere Stied den öffentlechen Transport an den Tunnel geluegt gëtt. Et entstinn zousätzlech Verkéiersflächen, wou een och nach vill méi séier vun der Plaz kënnt. Déi gewonne Plaz kann een ënner anerem notzen, fir d'"mobilité douce", d. h. fir d'Veloen a fir d'Foussgänger. Doduerch kann d'Liewensqualitéit an de Stied entscheedend verbessert ginn.

En Tram ass e gudd an attraktivt Verkéiersmëttel, wou en der Demande gewues ass a wa Plaz duefir do ass, an net nach zousätzleche Chaos bréngt. Dat wir an der neier Avenue awer mat Sëcherheet de Fall.


Admin: delete entry Claude Oswald  16/08/06   11:42:16 Date
Message Zitat: "Nach eng läscht Fro: Huet schon iergendeen probéiert ze chiffréieren, wivill déi 7 m breet Sträif Terrain vun der Foire iwwer de Kierchbierg, de Stadzentrum, d’Gare Centrale, Hollerech an de „Ban de Gasperich“ bis op den Houwald wert ass, déi do fir den Tram gebraucht géif. Nom Konzept BB/RER mussen déi Flächen net geaffert ginn, well hei zousätzlech Verkéiersflächen geschafe gínn."

An där dote Logik misst een och d'Autobunnen, all déi breed (Renn)stroossen an déi grouss Parkplaazen a Fro stellen, well do gëtt onheemlech vill Bauland geaffert.

Si mer eis do eens?

Oder gëtt hei just esou gerechent, well et em den Tram geet, deen eenzel Leit partout net wëllen?


Admin: delete entry georges schummer www.busbunn.net  14/08/06   10:18:49 Date
Message Aus dem Forum vun der Stad Lëtzebuerg:
D'Nei Bréck, mat oder ouni Tram?
Auteur: georges schummer (IP enregistrée)
Date: 1 August 2006, 22:33

Et stelle sech just e puer Froen:

1. Ass et richteg, déi „Nei Bréck“ wéi geplangt ze sanéieren?

Ech ménge jo, mir hu kaum eng Wiel, wa mir se erhale wëllen.

Näischt maache géif de sechere Verfall bedeiten, an da misst se fréier oder spéider wéinst Baufällegkeet ganz ofgerappt ginn. De kléngste Kompromëss ass op d’manst d’Silhouette dervun ze erhalen, als historescht Baudenkmal, dat d’Bild vun der Stad prägt.

Och wa mir dat schéint Konzept vun engem renge Steebou opgi mussen, woumat virun engem gudde Jorhonnert de franséischen Ingénieur Séjourné sech géint de lëtzebuerger Ingénieur Rodange vun der P&Ch duechgesat huet. Dee wollt virun 100 Joer schon eng Stolbetonsbréck mat Hastengverkleedung bauen. Déi „Nei Bréck“ war mat hirer Portée (Spannweite : 84,55 m) deemols e Rekord fir e renge Steebou.

100 Joer ass e schéinen Alter fir eis al Damm. Och wann eng Stolbetonsbréck gebaut gi wir, wier se haut wuel net manner baufälleg. De Betong an d’Eisebewehrung haten net déiselwegt Qualitéiten wéi se haut ze erreeche sinn. Awer och nach haut gëtt déi geplangte Liewensdauer vun neie Brécken kaum méi héich ugesat, egal aus watfir engem Material se bestinn.

Trotz alle Fortschrëtter an der Bautechnik géife mir et haut kaum nach färdeg bréngen, esou eng Bréck als renge Steebou ze bauen. Et war eng haaptsächlech op Erfahrungen opgebauten empiresch Technik, déi mir ganz einfach net méi uwenden därfen. D’Standsécherheet géif sech mat häitege Baunormen kaum rechneresch noweise loossen, et sief dann mir léissen eis, wéi mir et hei zu Lëtzebuerg gewinnt sinn, dat „Gutachten“ schreiwen, dat mir bräichten.

Mir kommen also op de Stolbetong zréck, e Material mat dem mir eens ginn an dat mir esou berechne kënnen, datt et all normativ Ufuederungen erfëllt. Mee maache mir eis näischt vir: Just déi baussendzech Steng vum Bréckebou solle stoe bleiwen. Wéi déi beim Ausbrieche vun de Steng bannen am Bou eleng stoe bleiwe sollen, an härno, méiglecherweis ofgestäipt, als Schalung fir de Stolbetongsbou dénge sollen, kréie mir net matgedeelt. Firwat solle mir dat och wëssen? Dat geschitt wuel alles hanner Sichtschutz-Baatschen, an härno brauche mir eis nëmmen nach virzemaachen, do stéingen nach di al Steng. Awer dat gleewe mir gär, well mir kënnen den Touristen dat erzielen, déi stelle sech scho keng Froen. Och wann et sécher méi bëlleg wir, d’Bréckebéi einfach och neizebauen, hu mir dann eppes fir den Denkmalschutz gemaach.

2. Ass et sënnvoll, déi nei Stolbetongsbréck och fir en Tram ze bemiessen?

Ech ménge jo, well ee méiglechs fir all spéider politoko-urbanistesch Entwécklungen virbereet si soll, och wa mir dat elo nach net ofgesi kéinten. Souwisou dierft, bei gläicher Bréckebreet wuelverstan, den Ennerscheed vun de Käschte kaum an d’Gewiicht falen. De groussen Deel ass souwisou Eegegewiicht vun der Bréck (Stolbetong a Sténg). Souguer wa keen Tram agerechend géif, wieren d’Verkéierslaaschte kaum méi kléng. Amplatz vum Tram misst op d’manst e 60- an en 30-Tonnen „Schwerlastwagen“ agerechend ginn. Ouni Berücksichtigung vum Tram kënnte fir den Neibau wahrscheinlech just e puer Bewehrungseisen agespuert ginn, wann iwwerhaapt. Wann de Präis vun der Bréck duerch den Tram härno ee Prozent méi déier kéim, géif dat net dem Faass de Buedem ausschloen.

3. Ass et da sënnvoll, op der „neier Bréck“ en Tram virzegesinn?

Hei mengen ech eendeiteg neen, an zwar aus verkéierstechnesche Grënn. D’„Nei Bréck“ ass net breet genuch fir d’Autoen an den Tram zugläich. Also misst d’Bréck wéinst dem Tram méi breet gemaach ginn. Oder déi Bréck, déi zur Déviatioun vum Verkéier während der Bauzäit provisoresch virgesinn ass, misst härno stoe bleiwen. An dat géing béides onmoosseg an d’Geld.

Awer déi zousätzlech Käschte wiere souwisou fir d’Kaatz. Och wann de Fläschenhals „Péitrussdall“ behuewe wir, géifen sech anerer opdinn. Fir 2 Autosspueren an der Avenue de la Liberté fräi ze maachen, fir do en Tram fueren ze loossen, gëtt et zur Zäit keng pratikabel Léisung. Déi onbehollefen Diskussioun dréit de Moment ëm eng Verbreederung vum Boulevard de la Pétrusse vun der Spuerkees bis op d’Rocade, déi dann op 2 Niveauen ausgebaut gi misst. Ofgesinn dervun, dat esou eng Léisung technesch an urbanistesch net machbar wier, sinn déi zousätzlech Käschten fir d’Tramsléisung néierens erfaasst.

Dat selwecht gëllt fir ongeléisten an onchiffréiert Problemer vum Tram an anere Staddeeler. Huele mir emol nëmmen als Beispill déi „Rout Bréck“, wou den zousätzleche Verkéier no der Ouverture vun der „Nordstrooss“ am Joer 2012 endgülteg zesummebrieche wärt, schon ouni datt een op der „Rouder Bréck“ zwou Spueren fir den Tram ewechhuele géif.

4. Wat ass ze maachen?

Firwat dann net emol de Groussdeel vum ëffentlechen Transport vun der „Neier Bréck erofhuelen. Nom „Bus-Bunn“- resp. RER-Konzept ginn duerch d’Eisebunnstunnellen ënner der Stad keng zousätzlech Verkéiersfläche fir den Tram gebraucht. Dat gëllt beispillsweis fir de Péitrussdall, wou den Zuch niewt der „Neier Bréck“ ënner engem Waasserfall vun der Péitruss erduerch fiert, fir d’“Rout Bréck“ wou d’Eisebunn op engem niddrege Viadukt iwwer d’Uelzecht fiert, wéi iwwerhaapt och fir de ganze Stroosseverkéier an der Stad. Duerch déi zousätzlech ënnerierdesch Verkéiersflächen géif den Uewerflächeverkéier entlaascht, och zum Virdeel vun der „mobilité douce“, de Foussgänger an de Cyclisten.

Nach eng läscht Fro: Huet schon iergendeen probéiert ze chiffréieren, wivill déi 7 m breet Sträif Terrain vun der Foire iwwer de Kierchbierg, de Stadzentrum, d’Gare Centrale, Hollerech an de „Ban de Gasperich“ bis op den Houwald wert ass, déi do fir den Tram gebraucht géif. Nom Konzept BB/RER mussen déi Flächen net geaffert ginn, well hei zousätzlech Verkéiersflächen geschafe gínn.

Georges Schummer, Auteur vum Projet BB (Bus-Bunn)


Admin: delete entry Guy Schaeffer Guy [PUNKT] Schaeffer [ät] web [PUNKT] de  23/05/06   13:43:07 Date
Message « Tram léger » an de Projet Bus-Bunn
Jiddereen ass d'Accord, dat et wichteg ass, den öffentlechen Transport méglechst séier a massiv ze verbesseren.
Och Leit déi nie den öffentlechen Transport benotzen, profitéiren.
Hier Liewensqualitéit gët duerch eng Reduzéirung vum Individualverkéier an den Uertschaften verbessert. D’Stroosse gin entlaascht sou dat Stauen an Autosunfäll méi rar ginn.
E leeschtungsfähegen öffentlechen Transport verbessert d’Wettbewerbsfähegk... vun eisem Wirtschaftsstanduert.
Wann en alles berücksichtegt (Infrastrukturen, CO2-Bilanz, Käschte vun den Unfäll, …) kann den öffentlëchen Transport duerchaus finanziell virdeelhaft fir eist Land sinn.
 
Den „Tram léger“ bidd keng Léisung fir eis Haaptstadt.
D’Kapazitéit vum Tram léger ass kaum besser wéi déi vun de Bussen.
An dem Konzept mussen déi meescht Leit an e puer grousse Garen op manner leeschtungsfäheg Transportmëttel emsteigen a ginn mat grousser Wahrscheinlechkeet an de Stau geschéckt.
 
De Georges Schummer huet eng Alternative „Bus-Bunn“ ausgeschafft déi liicht an de „mobilitéit.lu&ld... intégréiert gi kann.
Déi vill nei Haltestellen am Bus-Bunn Konzept erlaben et, méiglechst vill Leit direkt mam Zuch un hirt Ziel ze bréngen. Dodurech dat d’Buslinnen reorganiséiert gin, kënnen déi aner Leit méiglechst séier un hirt Ziel bruecht gin.
 
Leider hun d’Regierung an d’Parlament d’Bus-Bunn Konzept praktesch ignoréiert an décidéiert den Tram léger ze ennerstëtzen. Si verloossen sech emmer erem blann op déi selwecht Experten, déi mat alle Mëttel en Tram-Konzept duerchsetze wëllen.
 
D’Oflehnung vum Konzept Bus-Bunn baséiert enner anerem op der Etude vum Büro Basler déi am September 2003 veröffentlecht gouf. Hei gët behaapt, de Bus-Bunn kéint nët funktionéieren.
Eng Etude, déi de Georges Schummer am November 2003 veröffentlecht huet, beweist, dat de Konzept Bus-Bunn machbar ass.
Et ass awer nach nët kloer, op den Tram léger machbar ass. Hei stinn nach vill Froen op.
De Bus-Bunn kéint bis 2012 funktionéiren an e grousse Beitrag leeschten fir eis Verpflichtungen vum Kioto-Protokoll ze respektéiren.
Den Tram léger ass bis dohin nët machbar (schon eleng wéinst dem Problem vun der Neier Bréck).
 
Anscheinend färten d’Leit ennerirdesch Garen, Lifter an Tunnellen.
Am „mobilitéit.lu&ld... sinn och Tunnellen an ennerirdesch Garen virgesinn. Déi sinn ouni Diskussioun akzeptéiert gin. Vill auslännesch Stied géingen ouni ennerirdesch Garen an Tunnellen am Verkéierschaos ennergoen.
Déi ennerirdesch Haltestellen vum Bus-Bunn sinn iwersiichtlëch, kennen hell beliicht gin a vlaicht souguer vu Künstler sou gestalt gin, dat si richteg Touristenattraktiounen gin.
Déi modern Lifter vum Bus-Bunn Konzept diirften nëmmen eng kléng Minoritéit vu Leit ofschrecken.
De Bus-Bunn Konzept erlabt et, vill Leit séier a bequem un hirt Ziel ze bréngen an d’Stroossen ze entlaaschten. Do ass et irrelevant, dat en Deel vun de Leit (virun allem owes spéit) léiwer mam Privatauto fueren.
 
D’Oflehnung baséiert och op dem anscheinend immense Käschtepunkt vum Bus-Bunn.
Hei gin déi rieseg potentiell Aspuerungen, déi de BB Konzept am "mobilitéit.lu&quo... erméiglecht, einfach ignoréiert.
De Projet BB léisst sech relativ liicht an de „mobilitéit.lu&ld... integréiren.
E bedeit zousätzlech zu den 2600 Milliounen Euro vu „mobilitéit.lu&ld... en Investissement vun e puer honnert Milliounen Euro.
Op der anerer Seit kënnen awer och immens Sommen doduerch gespuert gin :

  • 75 Milliounen, well d’Polfermillebrëck nët muss verduebelt gin. Si gëtt duerch déi nei Linn iwert de Stadtzentrum an de Norden immens entlaascht.

  • ?? Milliounen, well mer den Tram léger nët baue mussen. Virun allem d’Léisung vun de Problemer kéint extrem deier gin (Entlaaschtung vun der Neier Avenue, Nei Bréck, …).

  • ?? Milliounen, well d’Umsteige-Garen bei den Foires-Halen, zu Dummeldeng, ... nët sou grouss musse sin, well déi meescht Leit einfach weider an d’Stadt fueren ouni ëmzesteigen.

  • ?? Milliounen, well d’Stadter Gare entlaascht gët, an doduerch en Deel vun den 300 Milliounen €, déi fir den Ausbau néideg wiren, agespuert kënne gin.

  • ?? Milliounen well eng grouss Zuel vu Bustrajeen (e.a. Schülertransport) duerch déi nei Zuchlinnen iwerflesseg gin.


Leider huet de Büro Basler nët probéiert des Aspuerungen méi genee ze bestemmen. Och déi nei Etude „Tram léger“ huet déi Aspuerungen ignoréiert.
Wann een de Projet BB richteg an de „mobilitéit.lu&ld... integréiert, kann dest de Gesamtkäschtepunkt vlaicht souguer reduzéiren. Op jidde Fall gët de Service um Client entscheedend verbessert.
Ee leeschtungsfähegen, attraktiven öffentlechen Transport kéint och verschidden deier Stroossebauprojekter iwerflësseg machen. Doduerch kéinten zousätzlech (honnerte ?) Milliounen € agespuert gin.
Wann en dann nach brücksichtegt, wat de Kioto Protokoll eis ouni effizienten öffentlechen Transport kaschte wärd, diirft keen Zweifel méi un der Rentabilitéit vum Bus-Bunn Konzept bestoen.
 
Ouni effiziente Réseau wéi dee vum Bus-Bunn Konzept, gët déi onvermeidbar Privatiséirung vun den CFL wahrscheinlech zu enger Katastroph fir d’CFL, hiert Personal a fir den Öffentlechen Transport an eisem Land.
Mir brauche Wuestum fir eise Sozialsystem ze finanzéiren. Dese Wuestum duerf eist Land awer nët an de Verkéierschaos féieren.
Mir kënnen eis et nët leeschten, op der enger Seit eng gudd Léisung mat alle Mëttel schlecht ze machen an op der anrer Seit honnerte Milliounen Euro an eng „Léisung“ ze investéiren déi schon vum Konzept hier keng Chance huet eisen Öffentlechen Transport wierklech ze verbesseren.
 
Dem Georges Schummer sein Konzept a seng Argumentatioun sin op eng virbildlech Manéier um Internetsite http://www.busbunn.net dokumentéiert.
Dest Konzept gëtt enner anerem vun der Associatioun RER LUXEMBOURG a.s.b.l. ennerstëtzt (Site http://www.rer.lu/).
 
Informéiert iech! Wann dir feststellt, dat de Bus-Bunn vill besser ass wéi den Tram léger, musst dir méiglechst séier a méiglechst massiv de Bus-Bunn ennerstëzen. Wa mir nach lang waarden ass et wahrscheinlëch ze spéit. Da sinn d’Reserven vum Fonds du Rail verpolfert fir „Investitiounen“, déi bal neischt bréngen an duerch de Bus-Bunn iwerflësseg gin.
 
Guy Schaeffer


Admin: delete entry Laurent HARTZ laurent [PUNKT] hartz [ät] schuttrange [PUNKT] lu  16/03/06   09:40:55 Date
Message Wéini fänke mer mol un, d'Politik op d'Sait ze leen, an dese Problem praktesch ze iwwerleen.
An mengen Aan as den Tram NAICHT wert an eiser Stad, vlait di éischt 5-10 Joer, an dann duerno ? Wat man mer dann. Geet dann di ganz Diskussiounen erem vu vir un ?
An wann ech dat héiren wat hei geschriwwen get, de BB wier net ekologesch a géing den Transport nach méi fuederen an der Stad, da get et mir schlecht. As dat wierklech en Argument ? NEE
Dogéint kann een 10000 Saachen man. Zb kéint een aus der aaler Avenue eng Zone Piétonne man, dat géing eise Geschäftsleit besser don wi wann mer elo en Tram derduerch fueren loossen. An ech kann mer net virstellen, datt een deen zB aus Frankraich mam Zuch op der Gare unkënnt frou as, fir dann nach 30 minutten am Tram ze kutschéiren fir op de Kirchbierg, wat mam Tunnel an 10 minutten géif goen. An dann di aal Brëck, as déi iwwerhat kapabel fir en Tram driwwer fueren ze loossen an deem Zoustand wi se as ?
Ech hun bis haut nach keen héiren, deen mir konnt en richtegen Nodeel vum BB soen. E get meeschtens mat Quatsch ofgelehnt wi zB: Keng Secherheet bei de Leit wann se mussen ënnerierdesch goen, an dat och nach an engem Lift...Kriminalitéit déi ënnerierdesch ebeemol méi grouss as asw. Wéi oft hun ech dat schon héieren...
An dat sin meeschtens déi, déi zB vum Underground zu London schwärmen. Do as dann e beemol kee Problem méi.

Wéini man mer Neel mat Käpp !!!
Wéini kënne mer eng Kéier d'Politik op der Sait loossen, an de ganzen Dossier mat Henn unpaaken ?


Admin: delete entry Auslänner deen schon 45 Joer hei wunnt trachytakil [ät] yahoo [PUNKT] fr  06/03/06   14:25:24 Date
Message Kéint eis Regierung déi inakapabel ass seit 40 Joer fir d'Nordstrooss ze bauen (sie ass nach ëmmer nitt färdeg) een RER-Projet maachen? Ech zweifelen dodrun. Et fehlt u Planung, u Wäitsiicht hei am Land. Deen eenzege ordentleche Worf deen ech am Transportwesen gesinn: dat ass d'Vernetzung vum franséische TGV bis op Lëtzebuerg.
Soss leeft bal näischt am Transportwesen:
- d'Luxair (eng Katastroph: sie dréit duerzu bei duerch hir kurzsichteg Präispolitik dat Lëtzebuerg ëmmer méi enclavéiert matten an Europa ass);
- d'Verbindung op Bréissel an Holland (eng Katastroph, d'belsch Regierung kann a wëll nit vill Suen ausgin fir ee Projet deen fir sie nitt vill Virdeeler bréngt);
- den RER och eng virgeplangte Katastroph? Ech hoffen nitt, well dat do ass ee gudden Projet.
Fazit: Mee firwat ass alles sou schwéier fir esou e gudde Projet politësch an finanziell hei am Land an d'Wirklechkeet ze setzen?

Een Auslänner deen schon 45 Joer am Land wunnt.


Admin: delete entry ferdy adam ferdy [PUNKT] adam [ät] gmail [PUNKT] com  02/03/06   11:25:39 Date
Message all dest mecht senn, nodeem ech mer et GANZ schnell ugekuckt hun.
ech blecken allerdings net duerch, an dat wär d'fro déi et ze beäntwerten wir, firwat esou en raisonnablen projet net och politesch an finanziell duerchsetzbar ass.
et schengt dach esou ze sin dass nemmen esou en projet letzebuerg kann a punkto transport, a verbindung mat der groussregion, no viir ka brengen.
fa


Admin: delete entry Romain Moes  17/02/06   10:06:46 Date
Message Den Hybridtram (=Train-Tram) dürfen wir wohl endlich vergessen, nachdem die CFL Sicherheits- und vor allem Kapazitätsprobleme auf dem bestehenden Eisenbahnnetz angemeldet hat.

Die städtische Straßenbahn kann zur Verteilung der Verkehrsströme im Stadtbereich nach gründlicher Analyse des Bedarfs dort eingeplant werden, wo Buslinien nicht ausreichen. Vorbedingung ist sicherlich, ob genügend Verkehrsfläche vorhanden ist, damit die Straßenbahn auf eigener Spur verkehren kann. Andernfalls würde man nur die Busse und den Individualverkehr behindern, ohne dass sich ein Gewinn an Kapazität und Schnelligkeit gegenüber dem Busbetrieb erzielen ließe.

Doppelgelenkige Trolleybusse haben ein größeres Fassungsvermögen als normale Busse, jedoch dürfen die Kurven nicht zu eng sein, sonst geht die Wendigkeit verloren. Auf die Verkehrsfläche bezogen, ergibt sich im Stand, was meistens ausschlaggebend ist, kaum ein Kapazitätsgewinn gegenüber kleineren Bussen, höchstens eine Einsparung an Fahrern. Das gleiche gilt übrigens auch für längere Straßenbahnen.

Der „Autotram“ ist noch in der Entwicklung. Technisch ist er den Doppelgelenkbussen überlegen, da eine elektronische Steuerung der einzelnen Fahrzeugachsen dafür sorgt, dass er in der Spur der Vorderräder bleibt. Nach dem jetzigen Stand ist er aber kaum länger als ein Doppelgelenkbus. Auf die Zahl der beförderten Passagiere bezogen ist der „Autotram“ also bei weitem keine Alternative zur „Tunnellösung“, falls damit der RER oder die S-Bahn im Eisenbahntunnel gemeint sein soll.


[Säit virdrun] 1 2 3 4 [Säit duerno] 

Y-a-p-Gb