RER.lu Guestbook - Sot eis är Meenung Sign guestbook Reload Go back to the site

[Säit virdrun] 1 2 3 4 [Säit duerno] 

Admin: delete entry georges schummer  21/03/14   14:27:39 Date
Message Et deet mir leed fir Iech, Här Oswald, datt Dir et net selwer mierkt. Mee wat mir maachen, geet Iech glat näischt un!


Admin: delete entry C. Oswald  20/03/14   20:38:16 Date
Message Ech wëll dem Här Schummer soen, dass méng Theorie net aus der Loft gegraff ass. Säi Frënd de Guy Schaeffer bestätegt dat op enger aner Plaz, wou hie schreift : "De Gondel-projet wier eng elegant Tëscheléisung a wier komplementär zum Bus-Bunn Konzept."
De Georges Schummer an de Georges Feltz hunn allerdings ee Problem, och wa si eng Allianz géint den Tram bilden : Hir Visioune stinn net an engem Projet de Loi, a si hätten och als Proposition de Loi vum ADR keng Majoritéit an der Chamber. Ech huelen emol un, dass dat op d'mannst fir déi nächst 5 Joer de Fall ass.


Admin: delete entry georges schummer  06/03/14   18:42:03 Date
Message Opgepasst, dir RER-Leit: Den Tram-SREL kann är Gedanke liesen, schon ier dir se iwwerhaapt faasse kënnt !


Admin: delete entry C. Oswald  06/03/14   16:54:24 Date
Message Ech weess net, ob Dir Iech konsequent sitt. Elo maacht Dir op eemol Reklamm fir dem Georges Feltz séng Seelebunn (an der Rubrik "RER-Media"), obschonn dass déi Seelebunn jo awer eng Konkurrenz fir deem aner Georges séng Tunneleisebunn ass. Oder wëllen déi zwee Georgesë sech ergänzen, nom Motto, Du fiers mat Déngem Tunnel op d'Place d'Armes, an ech fuere mat ménger Seelebunn op de Kierchbierg ?

Ech wëll an deem Kontext drop hiweisen, dass op Paperjam e ganz kriteschen Artikel betreffend déi Seelebunn war. Dir fannt deen ënner http://www.paperjam.lu/article...

Bei Iech hunn ech leider den Androck, dass alles gutt ass, wat soi-disant géint den Tram schwätzt. Dir investéiert vill Energie fir géint eppes ze sinn, amplaz ze kucke wéi een dat wat vun der Politik ofgeseent ass, eventuell duerch déi eng oder aner Moossnahm ergänze kann.


Admin: delete entry Redaktion RER.lu  24/01/14   14:56:08 Date
Message Wortmeldungen zum PAG Luxemburg

1. von Jean-Marie Jacoby:
Die Tram darf auf keinen Fall verwirklicht werden, da ihre Kapazität zu klein ist, um die heute auf der Strecke verkehrenden Busse zu ersetzen. Dafür frißt sie noch mehr Platz als die Busse, ist viel teurer und weit weniger fexibel.
Die RGTR-Busse sollen nicht aus der Stadt verbannt werden, sie sollen aber alle (statt wie heute einige) zu Durchmesserlinien werden, die aus einer Gegend des Landes in eine andere fahren über die Hauptstadt, und damit in ihr nicht mehr herumstehen.
Unbedingt nötig ist die Verlängerung der Eisenbahn im Tunnel unter der Hauptstadt, wie sie von Dipl. Ing. Georges Schummer ausgearbeitet wurde (siehe auf www.busbunn.net die 2013 ausgearbeitete Neufassung): nur so ist die nötige Kapazität aufzustellen, um das heutige Mobilitätsproblem zu lösen. Auch dann ist es aber wichtig, das Mobiitätsproblem nicht durch Ansiedlung von noch mehr Arbeitsplätzen in der Gemeinde zu vergrößern.
Bitte nicht zu vergessen, daß die Stadteinfahrten auf der Straße nicht erweiterbar sind und neue Verkehrswege nur im Tunnel auf der Schiene möglich sind, was zugleich die staufreie Überquerung der Stadtgrenzen mit sich bringt.
Nur so läßt sich schließlich mehr Platz an der Oberfläche für Fußgänger und Velofahrer finden - eine Umverteilung des Straßenraums zu ihren Gunsten ist mit dem Platzfresser Tram unmöglich.

2. Von Guy Schäeffer

Pour améliorer les transports publics et la mobilité douce il serait important d'abandonner le projet du tram et réaliser le projet Bus-Bunn proposé par Georges Schummer (voir sur www.BusBunn.net ou sur www.RER.lu).

Le Tram n'a pas plus de capacité que les bus qui circulent actuellement.
Deux pistes sont réservées exclusivement pour le Tram sur les quelques grandes avenues de la ville. Aux croiements le Tram auar la priorité. De cette façon la mobilité individuelle (voitures, camionnettes) sera sera nettement moins bonne.
Au total on investira des centaines de millions pour réduire la mobilité.
Les transports publics seront moins attractifs car le concept MODU conçu autour du Tram est basé sur un maximum de transfert entre véhicules avec à chaque fois des pertes de temps. Il faut changer aux gares (périphériques) du train au tram ou au bus, du RGTR vers Tram ou Bus VdL, du Bus au Tram et év. de nouveau au Bus, de la Halte sous le Pont rouge dans le petit train qui monte au Kirchberg, ...).
De plus l'espace réservé aux Tram manquera pour améliorer la mobilité douce (trottoirs et pistes cyclables larges).

Par contre le concept Bus Bunn de Georges Schummer offre une capacité très largement supérieure. Il minimise le besoin de changer de moxen de transport. Grace aux multiples gares il permet d'optimiser les lignes bus qui ne devont plus passer obligatoirement via le centre ville et la gare centrale. Comme il utilise les rails existants et nouveau partiellement en sous-terrain il permet de laisser l'espace actuel aux bus, voitures, camionnettes et mobilité douce.

Si on considère le concept de mobilité global et pas seulement la ligne de tram de la gare au Kirchberg, le concept Bus-Bunn est a priori très compétitif du point de vue coût global, capacité de transport et attractivité.


Admin: delete entry georges schummer  15/01/14   15:49:57 Date
Message Info:
De Bus-Bunn Versioun 2014 gëtt et elo op franséisch an op däitsch, ënner www.busbunn.net, Menu: "Bus-Bunn 2014"


Admin: delete entry Claude Oswald oswaldcl [ät] pt [PUNKT] lu  29/07/13   10:35:03 Date
Message D'Eisebunnergewerkschaften an eng Rei Associatiounen déi sech fir den Erhalt vun der Streck Ettelbréck-Dikrech asetzen, waren de 25. Juli beim Infrastrukturminister Wiseler. Do kroute si erkläert, dass et un der néideger "masse critique" happere géif.

Tëschent den Zeilen hu mir also verstan, dass de Minister d'Streck zoumaache wëllt.


Admin: delete entry RER Luxembourg a.s.b.l.  27/06/13   12:42:05 Date
Message @ Här Oswald- 13.6.2013
RER Luxembourg a.s.b.l. huet sech a verschiddene Presse-Artikelen ëmmer fir den Erhalt an den Ausbau vun der Eisebunnsstreck Ettelbréck-Dikkrech ausgeschwat.
Eist Engagement geet zréck op d'Editiounen 2002 an 2004 vum "Projekt BB" vum G. Schummer, wou d'Stéck Dikkrech - Ettelbréck - Schieren - Colmarbierg - Bissen als Deel vum regionalen RER-Netz opgefouert ass.
Mir sinn och der Meenung, datt d'Stréck tëscht Ettelbréck an Dikkrech op 2 Gleiser ausgebaut gi sollt, an zousätzlech Halten sënnvoll sinn. Déi neisten Varianten-Analysen a Präisvergläicher bestätegen dat jo och.


Admin: delete entry Claude Oswald claude [PUNKT] oswald [ät] secu [PUNKT] lu  13/06/13   10:22:01 Date
Message Zitat vum JM Jacoby : ″Dauerlösung nur mit Dezentralisierung

Selbst mit einer Eisenbahnhalt Howald bzw. Rote Brücke und einer Verlängerung der Eisenbahn im Tunnel unter Oberstadt und Limpertsberg hindurch wird nichts erreicht, wenn der Zuwachs von Arbeitsplätzen nicht gestoppt wird in der Hauptstadt. Aktuell läßt sich damit die Mobilitätssituation deutlich verbessern. Werden aber in den kommenden 10 Jahren noch einmal 100.000 Arbeitsplätze draufgesattelt – und die Prognosen laufen darauf hinaus – werden wir wieder genau dort sein, wo wir heute sind.

Nötig ist also eine effektive Dezentralisierung – über die Verlegung von zwei Dritteln der Uni und ein paar Verwaltungen auf Belval und die Forstverwaltung nach Diekirch hinaus – nötig. Der neue Allgemeine Bebauungsplan muß so gestaltet sein, daß neue Wohnungen gefördert und zusätzliche Arbeitsplätze verhindert werden. Alles andere führt ins Chaos!″

Et ass eng interessant Ausso, dass och de City-Tunnel net d’Léisung ass, falls ëmmer nach méi Aarbechtsplazen an der Stad geschafe ginn. Well op déi Manéier stéisst och den ënnerierdeschen Zuch u séng Grenzen.

Et kënnt ee méi generell iwwerleeën, ob et sënnvoll ass dass all Dag d’hallef Lorraine op Lëtzebuerg gepilgert muss kommen, well an der Lorraine keng Aarbechtsplaze sinn, oder keng déi esou gutt bezuelt sinn, wéi zu Lëtzebuerg. Déi Leit géife vill Zäit wannen an hätte sëcher näischt dogéint, wa si ähnlech gutt bezuelten Aarbechtsplazen zu Diddenuewen, Metz oder Nanzeg fanne géifen.

Munchmol héiert een d’Argument, mir bräichten deen Zouwuess u Grenzpendler, fir eis Sozialsystemer ze finanzéieren. Dat mag op den éischte Bléck richteg sinn, well à court terme kréie mer vill Leit bäi déi cotiséieren.

Mer mussen awer och bedenken, dass déi selwecht Leit mëttel- a laangfristeg gesinn, Prestatiounen ze gutt hunn. Mir mussen hinne spéiderhin eng Pensioun an d’Ausland bezuelen.

Dat heescht, mir stiechen an engem Däiwelskrees, aus deem mer net méi erauskommen. Mir brauchen ëmmer méi Cotisanten, fir ëmmer méi Prestatioune kënnen ze bezuelen. Konkret bedeit dëst, mir mussen enges Dages d’ganzt Land mat Industrie- an Handelszonen zoubetonéieren.

Kann dat eng Perspektiv sinn ? Wëlle mer dat ? Oder si mer bereed, iwwer eise Liewensstil nozedenken ?

Da wëll ech awer nach eppes lassginn, wat mer um Mo läit. Et sinn eng Partie Leit déi vun enger Opwäertung vum ëffentlechen Transport schwätzen, déi awer an der Praxis de Géigendeel maachen.

Mer hunn eng Eisebunn tëschent Dikrech an Ettelbréck ; respektiv ass et haut méiglech, mat engem direkten Zuch vun Dikrech an d’Stad ze fueren. Déi ganz Streck vun Dikrech bis an d‘Stad funktionéiert esou ähnlech wéi eng besser S-Bunn.

Elo soll dann am Kader vun den Nordstadprojeten déi bestehend Eisebunnslinn verstëmmelt ginn. Et soll e grousse Boulevard an d’Plaz kommen.

Mech perséinlech huet schockéiert, dass bei der Ofstëmmung am Ettelbrécker Gemengerot de grénge Conseiller Albert Jacoby géint den Zuch gestëmmt huet. Dat Eenzegt wat him anscheinend agefall ass, fir säi gréngt Gewëssen ze berouegen, ass eng Velospist déi awer, wéi mer wëssen, just eng Alibifunktioun huet a keen Ersaz fir eng Eisebunnslinn ass. Déi Dikrecher Leit wäerten an Zukunft mam Auto op de Parking bei der Ettelbrécker Gare fueren ; respektiv fuere se direkt mam Auto an d’Stad.

Ech geséich eng Méiglechkeet fir d’Streck Dikrech-Ettelbréck ze retten. Et kënnt een déi e Niveau méi déif an enger Tranche ouverte verleeën, déi iwwerall do gedeckelt wier, wou eng Quierstrooss ass.

Op déi Manéier hätt een d’Barrièren éliminéiert, an et wiere keng Geforepunkte méi.

Ech si keen Techniker. Ech fuere gelegentlech an d’Ausland kucken a gesinn esou Anlagen, an da maachen ech mer méng Gedanken.

Et géif mech interesséieren, wéi Dir dozou stitt.


Admin: delete entry PIT pit [PUNKT] kohl [ät] bluemail [PUNKT] ch  09/05/13   17:42:54 Date
Message MOIJEN ALLEGUER,
NODEEM ECH VILL STIED BESICHT HUNN, KOMMEN ECH,MATT DEN MEGELECHKEETEN 2013...ZUM SCHLUSS WEDER TRAM NACH RER. WELL ALLES WAAT OP SCHINNEN FIERD EEN RIESEGEN KAMMEI'DI-DACH AN NUECHT- MECHT. DOFIR SETZT D'ENERGIE FIR ZUKUNFT VILLEICHT ANN BUSSEN: ELEKTRO, ODER WAASSERSTOFF. ALL DACH GETT ETT FORTSCHRETTER...AN DUERCH MATT-MAACHEN GEET ETT NACH SCHNELLER. DASS SCHON VILLES UM MAART AN MACHBARMATT- DANK DER HELLEF VUN DER SONN, WASSER USW.
LEWEN GROUSS
PIT CH


Admin: delete entry georges schummer  29/06/12   11:14:30 Date
Message "Bezuel deng Steieren an hal d'Maul!"
Den oppene Bréif un d'Regierung fand dir ënner
www.rer,lu > Rubriques actualisées > Lettre ouverte au Gouvernement


Admin: delete entry Mil  17/06/12   11:31:18 Date
Message Mittlerweile haben mir schon zwei Abgeordnete der beiden verschiedenen (!) Majoritätsparteien anvertraut, dass sie dem Tramprojekt nicht viel zutrauen. Ich frage mich nur, warum sie dann in der AbgeordnetenKammer dafür gestimmt haben. Müssten sie vielleicht fürchten, nicht mehr auf die nächste Wahlliste aufgenommen zu werden? So funktionniert Demokratie!


Admin: delete entry rer  29/10/11   15:13:11 Date
Message Wou déi Beiträg hikomm sinn, wësse mir leider och net. Et schéint eppes mam Datum ze dinn ze hunn, wëll och eege rézent Bäiträg sinn duerno erëm verschwonnen. Huet een en Tipp, wou ee siche kann?
RER Luxembourg asbl.


Admin: delete entry René Muller  26/10/11   10:23:14 Date
Message Wou sinn dann déi Beiträg hikomm déi elo fehlen ?


Admin: delete entry Claude Biewesch luckyluxy [ät] gmail [PUNKT] com  27/05/08   16:48:54 Date
Message Bonjour ! Nodeem Diskussioun ëm den Tram erëm relancéiert ass, an d'Fakten elo um Dësch leien, hunn ech no der Sendung "Soot èr Meenung" op RTL um 27/5 emool e bëssen dorëmmer um Internet gesurft, a sinn op "Tram.lu" gestouss. Ouni elo wëllen irgendeng Polemik ze bedreiwen, hunn ech mengen Aën net getraut, waat fier e Quatsch do ze liese steet. Do gesäit een den Niveau vu verschiddene, esougenannte "Möchtegern"-Expert'en. Traureg awer wouer !

Dir vum RER, an och de Georges Schummer, loosst iech net découragéieren. Et gi vill Leit hei am Land, déi zu èrem Projet stinn, et ginn awer och vill Leit, déi emool näischt vun esou engem Projet woussten an elo dovu begeeschtert sinn, och, wann et wuel ze spéid ass. Trotzdeem, macht weider esou !


Admin: delete entry Damniel Grommes eatelier [ät] pt [PUNKT] lu  22/05/08   09:22:09 Date
Message Elo gëtt eng "definitiv" Versioun vum Tram virgestallt, bei deer verschidden technesch Detailer vergiess goufen.
Déi noudgeflickt Adolphe-Bréck soll also problemlos kenne verbreed ginn?
Den Tram brauch anscheindend kee Betriebshaff (Garage)?


Admin: delete entry RER Luxembourg a.s.b.l. rer [ät] rer [PUNKT] lu www.rer.lu  08/04/08   16:53:52 Date
Message Der von Herrn Stapelmann angesprochene Artikel: „Stellungnahme RER Luxembourg a. s. b. l. – LuxExpo und Utopolis – Noch Salami-Scheibchen für die Tram“ erschien am 15. 3. 2008 im Journal und am 26. 3. 2008 im Wort und kann unter www.rer.lu Rubrik RER-Media
nachgelesen werden.

Unsere Aufzählung schon bekannter und sich in der Zukunft noch offenbarender „Salami-Scheibchen“ ist natürlich nicht vollständig.

Bezüglich der geplanten „Gare de Cessange“, bisweilen auch „Gare de l’Europe“ genannt, sind wir der Meinung, dass dieser Bahnhof erforderlich wird wegen des „EuroCap-Rail“, der auf schnellstem Wege die Europa-Hauptstädte Bruxelles, Luxembourg und Strasbourg verbinden soll. Insbesondere in Belgien sind einige Streckenverbesserungen notwendig. In Frankreich besteht schon die TGV-Stecke Metz/Nancy – Strasbourg. Auf Luxemburger Gebiet muss vor allem der als „Kopfbahnhof“ genutzte Hauptbahnhof Luxemburg kurzgeschlossen werden, wo die Lokomotiven umgespannt werden müssen („mouvements de tête à queue“). Wenn nun die Züge aus Bruxelles über die „Gare de l’Europe/Cessange“ in gleicher Richtung ihre Fahrt in Richtung Strasburg fortsetzen, können allein dadurch mindestens 12 Minuten eingespart werden. Folgerichtig muss man natürlich die Europa-Politiker und –Beamten ab der Gare de l’Europe mit einem leistungsfähigen RER-System zum Kirchberg weiter transportieren können, da ein Umstieg auf einen Bus oder eine Tram die mühsam durch den Ausbau der EuroCap-Rail erkämpften Minuten wieder zunichte machen würde.

Trotzdem hat Herr Stapelmann Recht: An der „Gare de Cessange“ braucht es nur Bahnsteige an den 4 bestehenden Durchfahr-Gleisen (aus Petingen oder Arlon in Richtung Hollerich) und keine komplizierten Rangiergleise. Auch braucht dieser Bahnhof nicht als „plateforme de transbordement multimodale“ ausgebaut zu werden, da ein Umsteigen auf eine Tram ganz einfach überflüssig ist.


Admin: delete entry Gerd Stapelmann Gerd [PUNKT]  Stapelmann [ät] Pt [PUNKT]  [PUNKT] lu  26/03/08   10:26:02 Date
Message Ihre Zuschrift im Wort vom26.3. stellt viele berechtigte Fragen. Einen Punkt haben Sie vielleicht übersehen. Der geplante "Gare périphérique Cessange" soll nur wenige hundert Meter vom existierenden Bahnhof Hollerich entfernt entstehen. Man braucht ihn also wirklich nicht. Vor allem nicht in der geplanten Dimension. Für einen funktionierenden Schienen-Nahverkehr neben dem sporadischen Fernverkehr reichen zwei Bahnsteige völlig aus.


Admin: delete entry Daniel Grommes eatelier [ät] pt [PUNKT] lu  25/03/08   09:19:31 Date
Message D'Ofrappen vum Utopolis ass jo egal wat.
Wann d'Foire an de Kino nët méi do sin, da bauch een och keen Tram, well ausserhalb vun de Spetzenzäiten hun déi zwou Plaatzen den Haaptundeel um Verkéier.


Admin: delete entry Adolphe Faber  16/12/07   11:36:44 Date
Message Felicitatiounen fir den Artikel iwer déi ze vill kleng Quaien an der Gare um Findel. Daat ass jo haarsträubend! Do ginn öffentlëch Suuen verpolfert ouni dass je eng emfaassend Etude iwer de gesamten Eisebunnsverkéier (mat den internationalen Verbindungen) an an em éist Land gemaacht gouf, ausser déi vun bezuelten Experten.


[Säit virdrun] 1 2 3 4 [Säit duerno] 

Y-a-p-Gb